Generatioun "braces"
Fir dat schéinste Laache brauch een e gudden Drot ...
Ech hunn zum Gléck ni ee gebraucht. Obwuel, wann ech haut esou iwwerleeën: déi ënnescht kéinten eng Grëtz méi riicht do stoen. Awer deemools, wou d'Geleeënheet do gewiescht wier, ass et mengen Elteren am Dram net agefall dee Schrëtt ze maachen. Mir iwwregens och net. Alleng déi Virstellung, mat sou engem Gestell am Mond doruechter ze lafen, ausgelaacht ze ginn, op Fotoen de Mond ëmmer mussen zoupëtzen an dann dat ganzt Gedeessems mat botzen a kontrolléieren an nospanen ... a menger Klass war deemools esou een aarmen Däiwel. Ech weess zwar net wéi seng "salle à manger" sech haut presentéiert, ka mer awer virstellen, datt déi batter an zéi Méint sengerzäit net vu Muttwëll waren.
Wéi den Zänndokter eis virun engem décke Joer annoncéiert huet, datt eist Meedchen dach vläit mol un eng Spang sollt denken, woren d'Erënnerungen un deen ale Schoulkomerod op eemol nees ganz present. Awer net fir laang, well dem Kand seng Reaktioun war erfreelecherweis extrem positiv. Endlech! Am Schoulgebai lafen der esouvill mat Drot am Mond ronderëm, dat schéngt ewell "in" ze sinn ...
An effektiv: béisaarteg an ofwäertend Begrëffer ewéi "Friessgitter" oder "Schnéiketten" héiert een haut net méi. Spangen oder "braces" si cool a sexy, et gëtt se a ville Variatiounen a Faarwen, et ass ewell quasi e moudeschen Accessoire. Et gëtt driwwer diskutéiert a gefachsimpelt, an der Paus grad ewéi op Internetforen. Zanter knapp 10 Joer schonn si se salonfäheg. An net grad bëlleg. An ob se dann elo ëmmer a bei jidderengem noutwendeg sinn ass och esou eng Saach, mä: perfekt wéi mer nun mol wëlle sinn, soll och am Gebëss keen Element aus der Rei danzen, alles muss seng optesch Uerdnung hunn, am léifsten och nach schnéiwäiss.
Uerdnung bedeit Disziplin: kee Knätsch, 2-3 mol den Dag grëndlech botzen, mat normaler Zännseef an uschléissend nach mat enger Spezialbiischt, net ze vergiessen: regelméisseg Visitten a Kontrolle beim Zänndokter ... awer d'Resultat belount wuel all déi Méi: Britney Spears, Justin Bieber, jo esouguer déi 2 Prënzen Harry a William hunn hirer Generatioun et virgemaach: bäiss e puer Méint laang op d'Zänn an et deet der ni méi leed.
Mir deet et, wéi gesot, net leed, datt ech als Kand keng Spang hat, resp. gebraucht hunn. A freeë mech einfach fir déi, déi haut net méi moralesch drënner ze leiden hunn. Fréier war awer net alles besser ... oder ?