Fluchhafelecture

So mer wats de lies, an ech soen der, wiens de bass, huet de Martin Heidegger mol geschriwwen, oder war et de Pierre de la Gorce, sou genee weess ech et net, d'Source ginn auserneen, an ech hu weder dem engen nach deem aner seng Wierker gelies, wat och eppes ausseet.
Wien op de Fluchhäfen uechter d'Welt e bëssen oppasst, mierkt séier: dee Sproch fonctionnéiert och ëmgedréit. Dat gëllt besonnesch fir Geschäftsleit op Geschäftsrees.
All Fluchhafen huet op d'mannst ee Bicherbuttek, an déi Bicher déi doranner stinn, sinn zu engem gudden Deel anerer, wéi déi, déi ee soss an de Librairie fënnt. D'Manager aus der Businessclass liesen am léifste Welt- Wirtschafts- Management- a Liewens-Verbesserungs-Fibelen. D'Regaler op de Fluchhäfe sti voll mat sou schlaue Wierker, déi mech alleguerten iergendwéi un eng erwuesse Versioun vum „Petit Nicolas“ erënneren.
Op Managerianesch iwwersat heescht dat dann net „Le Petit Nicolas et les copains“ - Mais : „How to win Friends & Influence People“ oder „Leadership – Theory and Practice“; net „La Rentrée du Petit Nicolas“, mee : „The 7 Habits of Highly Effective People“, oder „Thinking, Fast and Slow“; net „Les bagarres du Petit Nicolas“, mee : „Getting to yes : Negociating“; an och net „Le Petit Nicolas s'amuse“, mee : „The Big Five for Life: Was wirklich zählt im Leben“. Wann ee sech déi Fro op der Geschäftsrees nach stelle muss, huet ee vläicht wierklech net alles richteg gemanagt am Liewen. Déi eenzeg, déi sécher alles richteg gemaach hunn, sinn déi, déi all déi Bicher geschriwwen hunn a verkafen, oft ouni sou genee ze wëssen, wéi den Hues eigentlech leeft, deen se do beschreiwen.
Et wonnert mech eigentlech, dass nach keen ee Guide geschriwwen huet fir Leit, déi wëllen erfollegräich Business Bicher schreiwen. Virdru selwer eent geschriwwen ze hunn ass dofir genee sou wéineg Viraussetzung, wéi de Steve Jobs perséinlech kannt ze hunn fir eent vun de geschat mëttlerweil 500 Bicher iwwert hien ze schreiwen. Ee Buch wat iergendwéi Allusioun op den doudege Chef vun Appel mécht ass d'Garantie vun engem Bestseller um Fluchhafen, gelies vu Legioune vu Manager déi, wann se bis grouss sinn, genee sou erfollegräich wëlle gi, wéi den hellege Steve. Les rêves du Petit Nicolas, gewëssermoossen...