D'Zukunft vum Parken

D'Land ass kleng an huet net vill Plaz, scho guer net fir Parkplazen. An dofir wonnert et mech, dass d'Gestioun vun den temporären Emplacementer fir eise mobile Blech säit Joren eigentlech net evoluéiert an sou elementar Regele wéi d'Regel vun der Offer an der Demande konsequent ignoréiert.
Wéi d'Stad Lëtzebuerg zum Beispill d'lescht Joer d'Präisser eropgesat huet, gouf dat forfaitär gemaach. An Zäite vu GPS a Smartphone ass sou eng Approche iwwerlieft. Mir kenne jo haut schonn d'Standgeld op verschidde Plaze mam Handy bezuelen, an dat ass réischt den Ufank.
An d'Zukunft wäert all Parkplaz individuell iwwer den Internet geréiert ginn. D'Präisser variéieren da wéi op der Bourse. Héich zu Spëtzenzäiten, bëlleg an de Vakanzen. Wien eng méi breet Parkplaz wëll, sou am Stil vun den Handicapéierten- oder Fraeplazen, bezilt ebe méi, genee wéi déi, déi méi no bei der Sortie hale wëllen. Leit mat klengen Autoen, déi manner Plaz brauchen, bezuele manner. Dat selwecht gëllt fir déi, déi hir Plaz am Viraus reservéiert hunn. Eng kleng Borne nieft der Plaz weist deenen aner Automobilisten, dass déi Plaz zwar fräi, mä reservéiert ass, a just wien déi Borne mat Hëllef vum Reservéierungscode op sengem Handy op gréng schalte kann, däerf do halen. Soss kënnt de Pechert. Alles an allem däerft dat vill Stress spueren, wann ee weess, dass d'Parkplaz op ee waart, nach éi een iwwerhaapt an d'Stad erafiert. De GPS am Auto weist engem nach éi een ukënnt, wat wou zu wéi engem Tarif fräi ass, reservéiert a bezilt déi passend Plaz dann direkt online a féiert een zilsécher dohinner.
Sou ëm d'Feierdeeg, wa jiddereen op de leschte Stëppel akafe wëll a mam Auto am léifsten direkt virun der Téik parkt, kéint een d'Plaze carrément versteeën, sou wéi op Ebay. 2 Stonne freides nomëttes vun 2 bis 4 an der Ënneschtgaass fir 5 Euro, wie bidd méi? Am selwechte Kontext kéint een dann och Parkabonnementer verkafen. 20 Euro fir 4 mol de Mount an d'Stad parken ze goen. Wann dee System da genee sou bëlleg gëtt wéi den e-go fir d'Busser, geet d'Rechnung um Schluss vläit souguer op.