E Rondel Lyoner

Als Kand wor et den Highlight vum Akafe goen – de Rondel Lyoner. Ugangs exklusiv beim Metzler – kuerz duerno och an all Supermarché mat Fleeschtéik. Déi ganz Corvée duerch eng Groussgaass oder e Supermarché geschleeft ze ginn gouf op sech geholl a wor oft nëmmen ze erdroen duerch d'Hoffnung och dësen Akaf géif mat engem Rondel Lyoner op en Enn goen oder noutfalls an der Halschent als Motivatioun fir bis zum Schluss duerchzehalen. Well dat awer net ëmmer funktionéiert huet gouf abemol nach eng zweet Etappe agebaut: eng Kamell an der Kees oder am Kleederbuttek. D'Suchtpotential, virun allem vun sou engem Rondel Zoossiss, ass net ze ënnerschätzen – ëmmerhinn fënnt een ëmmer erëm Elteren déi dovun erzielen wéi hir Kanner op eemol gefrot hunn: a wéini gi mer dann erëm akafen? Als Kand huet een sech beim Rondel jo weider keng Froe gestallt. Lëtzebuerg war duerch an duerch e Marieländchen wou deen entspriechende Kalenner gesot huet wou et géif higoen. Sou wor kloer datt de Rondel Lyoner aus renger Nächsteléift un Kanner verdeelt gouf – en Hannergedanken wor an der 'gudder aler Zäit' net am Spill.
Haut gesäit datanescht aus: wannech mameegenen Nowuess akafe ginn, freet dee sech zwar d'selwecht wéi mir fréier iwwert de Rondel Zoossiss, ech selwer kucken déi Saach awer aus engem aneren Bléckwénkel. Huele mer un déi ronn 92000 Kanner déi laut Statec hei liewen géifen statistesch gesinn 2x am Mount e Rondel Zoossiss vun duerchschnëttlech 20 Gramm kréien, da géifen am Grand-Duché 1840 kg Zoossiss pro Mount un Kanner verdeelt ginn, ëmmerhinn gutt 22 Tonnen d'Joer a mat engem Duerchschnëttspräis tëscht 8 an 10 Euro de Kilo eng substantiell Staang Geld.
Héiert een dann vum Liewensmëttelsecteur senge schwéieren Zäiten dann ass et e Wonner datt de Rondel an d'Kamell nach net ofgeschaf goufen oder ewechrationaliséiert wéi et hautdesdaags heescht. Aus renger Menscheléift gëtt allzäit beim Akafen schonns laang näischt méi verdeelt. Villméi héiert een vu cleveren Marketingstrategien – erfond am MickeyMouseLand – duerch déi d'Kand vun haut als den zukünftege Client vun muer soll fidéliséiert oder erugezillt ginn. Och weess eendatt Elteren deenen hir Kanner vu Langweil ufänken mat jäizen einfach net genuch Zäit a Rou kréien fir beim Akafen de Portemonni och grouss genuch op ze maachen.
Elo hunn ech awer déi Traditioun vum Rondel selwer an esou gudder Erënnerung datt ech frou sinn datt et se nach gëtt an ech hoffen datt deem och nach laang esou wäert sinn – och wann et sech fir den Handel net méi géif rechnen. A wa gespuert muss ginn da sinn Kanner bestëmmt déi falsch Plaz fir domadder unzefänken.