Mir liewen an enger séierer Welt, dat muss ee jo net extra méi betounen. Mir ginn ëmmer méi séier informéiert, transportéiert, renseignéiert a wien dee séierste Service liwwert, huet och meeschtens déi meescht Nofro. Ob d'Qualitéit hält, wat d'Vitesse versprécht, dat kënnt dann eréischt duerno a vill méi lues zum Virschäin. Mä heiansdo geet et och nach anescht, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

Dacks mengt ee jo, nach méi séier geet guer net, well eng Stonn huet ëmmer nach nëmme 60 Minutten, un der Zäit tout court kënne mer jo net dréien!

An dach loosse sech clever Geschäftsleit nach ëmmer eppes afalen, wann et ëm d'Schnellegkeet geet. Oder geet et just ëm den Marketing, de gudde Gag?

Do si mer jo vrun e puer Woche gewuer ginn, datt en Online-Bicher-Déngscht versprécht, an 30 Minutte mat de bestallte Bicher do ze sinn. Drohne bréngen alles perséinlech laanscht, respektiv liwwere vun uewen. Mä wéi vill där Drohne fladderen dann an Zukunft duerch d'Luucht, hunn ech mech gefrot, net datt mer do och nach an e Stau geroden?

Mä vläicht ass dat och schonn eng Iddi vu gëschter, well dee selwechte Betrib huet sech nach e Patent ugefrot, mat deem d'Wuer scho geliwwert gëtt, ier de Client se iwwerhaapt emol bestallt huet. Och déi Informatioun huet mech iwwerrascht an ech hu mer scho virgestallt, lo kéim, wéi fréier, op eemol nees een un d'Dier schellen a géif dann dat Allerneist ubidden, wat een nach net kennt, mä dat een da mat Freed keeft! Oder vläicht just, well d'Nervesee sech soss net gëtt.

Ma nee, natierlech gi mer net zeréck op al Gewunnechten. Nee, an deem heite Fall wäert de Betrib unhand vun den Donnéeën, déi e scho vun senge Clienten huet, aus, wéi eng Bicher kéinten intressant sinn. Da ginn déi schonn emol prophylaktesch an déi Géigende geliwwert a gelagert, wou se kéinte bestallt ginn, mat de fäerdeg gedréckten Adressen. Ass d'Bestellung dann do, ass och séier de Pak mat der Wuer geliwwert - méiglecherweis kënnt d'Buch nach deen Dag un, wou et erauskënnt.

Ob de Service Realitéit gëtt, ass awer nach net gewosst!

Vläicht kann een dem äerdege Betrib jo och nach eng aner Iddi mat op de Wee ginn: keng innovativ, keng technesch perfekt, keng rapid, mä dofir awer eng ganz originell. Realiséiert gouf se de Weekend an der europäescher Kulturhaaptstad Riga. Déi lettesch Stad huet bei der Ouverture hir nei Nationalbibliothéik ageweit a beim Transfert vun de Bicher op hir Awunner gebaut. Iwwer 2 Kilometer laang hunn Zéngdausende vu Leit eng Kette gemaach an ee Buch nom anere weidergereecht bis et am neie Regal ukomm ass.

Ouni opwänneg Techniken oder logistesch komplizéiert Transportméiglechkeeten - heiansdo geet et och nach duer, wann een deem aneren eng Hand upeekt.

AUDIO: 21/01/2014 Apropos "Méi séier, wéi de Client erlaabt"