Réckblécker

Um Schluss vun all Joer ass jo ëmmer an de Medien d’Zäit vun de Réckblécker. An zu deene gehéiere jo och ëmmer déi, déi eis am Laf vum Joer fir ëmmer verlooss hunn.
Déi bekannt, déi berühmt, déi mer all kannt hunn, an eigentlech awer nit. Mandela, Reick-Ranicky, Peter O’Toole, mat deene mer awer iergendwéi grouss gi sinn, déi mat eis al goufen, Paul Kuhn, Moustaki, Thatcher, asw.
Verschiddener waren uewe bis zum Schluss. Anerer ware schonn eng Zäitchen aus Zeitungen a Fernseh, an och aus eisem Gediechtnes verschwonn.
Esou wéi Lidder, déi ee scho gemengt hat, vergiess ze hunn, bis een s’erëm héiert, da si s’erëm do, esouguer d’Texter wësse mer nach deelweis, erënneren eis erëm u Momenter aus eiser Vergaangenheet tëscht Nostalgie an einfach Erënnerung.
T’ass sécher nit esou, dass deen, deen ee nit méi gesäit, dee vergësst een. Wann en engem iergendwéi wichteg war, ass e gespäichert, fir ëmmer.
Lidder, Gedichter, Gesiichter, Geschichten. Esouguer Geroch.
Ech sinn dës lescht duerch d’Stad getrëppelt, an op eemol hat ech e Geroch an der Nues, en After-Shave, deen ech éiweg, iwwer 40 Joer laang, nit méi gericht hat. An awer – direkt wousst ech, mäin englesche Proff aus dem Lycée, e gudde Proff, an och nach e fäinen, wat jo guer nit esou selbstverständlech ass. Et war, wéi wann en do wier, laascht goung, den Holly, mee 't war e nit, ’t kount e nit sinn, en ass och scho vrun enger gudder Zäitche fir ëmmer gaang.
Mee – geckeg, eemol dee Geroch do erageschnoffelt a scho war en do, uewen dran, kloer an däitlech.
T’ass ganz kloer nit : “aus den Aen aus dem Kapp”.
Vun all deenen, déi engem wichteg waren, mat deenen een e Stéck Wee zesumme gaang ass, och wann et nëmmen e kuerzt Stéck war, vun deene bleiwen op d’mannst e puer Stëbskären un engem hänken.
Gottseidank.