Gewunnechtsdéier

All Owend ginn ech nach eemol en Tour trëppelen, ier et an d’Klapp geet, … esou e klenge Sauerstofftour souzesoen.
Ka nach eemol den Dag esou an de Gedanke passéiere loossen, de nächste preparéieren. Ginn zimlech ëmmer déi selwecht Zäit an de selwechte Wee. Gewunnecht.
Alles ass roueg, den Dageskaméidi verklong, d’Rollueden iwwerall erof, d’Klapplueden zou, d’Trottoiren héichgeklappt. Wéi ëmmer.
An engem Appartementshaus ass um 2. Stack nach all Owend eng Luucht un, eng Steeluucht mat esou engem waarmen orange Liicht. Ech weess nit, ween do wunnt, a wat en ëm dës Zäit nach mécht. Liest e nach eppes, e Fernseh flackert op alle Fall nit? Kuckt en einfach an d’Nuecht eraus, déi ufänkt? Keng Ahnung. Geet et him gutt? Oder ass et eng si? Op alle Fall – all Owend geet mäi Bléck do op den 2. Stack. Sou e bëssi, wéi wa mer eis géinge kennen.
An zënter e puer Deg liicht se nit. Wat ass do lass? Wou ass hire Besëtzer? Ass e fort? An d’Vakanz? Ass e krank? T’kéint mer jo egal sinn, ech kennen e jo nit. An awer. Et beonrouegt mech e bëssen. Zënter Jore liicht déi Steeluucht do, esou, wéi wa se géing op mech waarden, ier se ausgeet. Ech war scho kucken, ob nit eng Schell oder Bréifkëscht ouni Numm do ass. Awer nee!
De Méinsch ass e Gewunnechtsdéier, an dass déi Luucht do owes op mengem “Schluss-vum-Dag-Tour” un ass, ass Gewunnecht. An elo – all Owend kucken ech, ob se nit op eemol awer erëm,… awer nee. Si liicht nit méi. Ech gesinn emol nit, ob s’iwwerhaapt nach do steet.
Mäin Owestour ass duerchernee bruecht, e Ritual feelt, a Rituale brénge Stabilitéit an Uerdnung an de Chaos vum Liewen.
Wat esou eng Steeluucht, déi nit méi liicht, nit alles uriichte kann.