Getrëppelt Pied

Op sengem Lieweswee trëppelt ee jo op esou munnech Pied. Pied, déi ee nit onbedéngt selwer mécht.
Och virgetrëppelt Pied. Wee se wuel gesicht an “erfount” huet? Wéi laang ginn et se schonn? Zënter éiweg?
Ech sinn och geleeëntlech esou e Pad getrëppelt. De Néckelspad. Esou huet e geheescht, oder esou gouf e genannt, well et de kierzte Wee vum Néckel sengem Haus bei d’Kierch, an och bei d’Wiertschaft war. Fréier war jo bei all Kierch eng Wiertschaft. Awer nit bei all Wiertschaft eng Kierch. Dat wier deeërs gudde wuel och ze vill gewiescht. A well de Néckel dacks an d’Kierch gaang ass, oder an d’Wiertschaft, gouf aus deeër Ofkierzung do mat der Zäit e Pad, eben – de Néckelspad.
Wéi de Néckel méi al ginn ass, ass de Pad méi schmuel ginn, ass lues a lues zougewuess, Brennessele sinn drop a Päerdsbierbréimen dra gewuess. De Néckel goung wuel nit méi esou dacks an d’Kierch oder an d’Wiertschaft.
Haut gëtt et de Néckel nit méi. An och de Néckelspad ass verschwonn. Lues a lues, awer méi séier, wéi ee gemengt hätt. T’huet ee nach eng Zäitche gemengt ze gesinn, wou e gaang ass. De Pad, … an och de Néckel. Vläicht war et awer och nëmmen eng gewëss Traueregkeet un d’Vergaangenheet, d’Vergänglechkeet, déi engem dee Pad nach virun Ae gefouert huet.
Alles muss gefleegt ginn, fir dass et nit vergeet. Och Néckelspied ouni Néckele verschwannen. Lues a lues. Einfach esou.