Schnéiflack

Schnéi besteet jo aus eenzelnen Äiskristaller, déi uneneen hänken. Schnéiflacken, wann ee se mol ganz genee géing kucken, si butzeg, kleng a wonnerschéi Kounschtwierker.
Ass nit nëmmen einfach esou eng Behaaptung, mee – en Amerikaner, de Wilson Alwin Bentley, huet dat entdeckt. 1865 koum en op d’Welt, a scho ganz fréi war e vum Schnéi faszinéiert. An déi Begeeschterung a Faszinatioun hunn e säi Liewe laang nit méi lassgelooss. Seng Chance war wuel, dass seng Elteren, wat fir déi Zäit deemools schonn aussergewéinlech war, e Mikroskop haten. An esou souz e schonn als Kand stonnelaang do virun deem Mikroskop, fir den Opbau an d’Form vun deene Schnéikristaller ze studéieren. Ënnert sengem Spëtznumm „the snowflake man“ gouf e méi spéit bekannt a berühmt als Schnéifuerscher.
Iwwer 5000 Schnéiflacken huet en ënnert dem Mikroskop studéiert a mikroskopesch fotograféiert.
All Schnéiflack oder Schnéikristall dokumentéiert d’Geschicht vu senger Ëmweltbedingung, der Temperatur, der Loftfiichtegkeet. Dem „snowflake-man“ seng wichtegst Erkenntnis war: Keng Schnéiflack gläicht deeër anerer. All Flack ass en Unikat.
Räich gouf de Mr Bentley mat senger Aarbecht iwwregens nit. An och de Ruhm huet laang op sech waarde gelooss. Et huet awer nach erlieft, wéi 1931 säi Buch „Snow Crystals“ mat 2400 vu senge Biller publizéiert gouf. Mee – de Schnéiflackemann ass awer nach dat selwecht Joer am Dezember gestuerwen.
Wann een am Google „Snow crystals a Bentley“ agëtt, fënnt een awer eng Partie vu senge schéine Schnéiflackefotoen nach.