Ween iergendwou ukomme wëll, muss iergendwou fortgoen! A fortgoen heescht zeréckloossen: Méinschen, Saachen, Gefiller, Ziler, Posten.

Ass nit einfach. Gläicht dacks engem psycheschen Äerdbiewen. De Méinsch ass schlecht geriicht , fir Äddi ze soen. Mer klameren eis gär un. Vun Ufank un. Deen Ëmklammerungsreflex huet eis vrun Urzäiten gehollef, sech bei Gefor fest an d’Fell vun der Mamm ze krallen.
 
Emotional si mer nach ëmmer iergendwéi esou gepolt. Eist Gehir sicht a festegt Relatiounen zu eise Matméinschen.
 
T’ginn der wuel och, deene falen Trennungen nit esou schwéier, mee 80% vun eis fille sech an der Routine besser wéi bei Äddi a Neiufank.
 
Eng Rëtsch vun eise Politiker sinn och vru kuerzem gaang oder gaang ginn. Hu musse lassloossen an huet mat Sécherheet deene meeschte nit gutt gedou.
 
Bon, t’waren der derbäi - sou wéi iwwerall - déi hannerloossen e Lach, dat s’ersetzt.
Anerer haten de richtege Moment verpasst, fir Äddi ze soen. Mee – wat ass schonn de richtege Moment?
An t’waren der och mat Séchereet derbäi, do gesi mer deemnächst eréischt, wéi gutt a wéi wichteg se waren.
 
Wat bleift?
 
Vläicht Roserei,
Enttäuschung.
Bestëmmt - Melancholie,
vill Erënnerungen,
a sécher och e bëssen Houfert. Hoffentlech emol!.