Haut ass den Europäeschen Dag vum Dateschutz, och wann een net nëmmen haut soll un d'Sécherheet an de Schutz vu sengen Daten denken, déi sou séier am Internet den Tour duerch d'Welt maachen a sech dobäi verléiere kënnen. Gutt, datt een dann heiansdo och nach de klassesche Wee huet, Christiane Kremer...

Et ass zimlech faarweg, gesäit peppeg ass, awer och iergendwéi retro. Et ass blénkeg a matt, huet als Illustratioun e Gesiicht, dat eng Grëtz u Jugendstil erënnert. Et huet 2 Liesbänner, e rout an e beiget, fest Deckelen a léisst sech ganz zouklappen.

Jo, ech hunn nach eent, sou e klengt Bichelchen, dat een Agenda nennt- sou richteg eent aus Pabeier an Tënt. Ech kafe mer och all Joer en neit a maache mer d'Sich duerno och net einfach, well ech wëll net en Allerwelts-Agenda, deen ee vun iergendengem Betrib geschenkt kritt.

Sécher e Pabeier-Agenda ass net méi „up to date“, och wann d'Deeg an d'Wochen an d'Méint richteg dra stinn.

Haut saved ee sech seng Rendez-Vousen am Computer, um Tablet oder am Smartphone an et kann ee sech och ëmmer kuerz virdru mat engem Toun drun erënnere loossen, fir datt een nëmme keng Reunioun oder soss e wichtegt Treffe vergësst. Jo dat hunn ech alles och!

An sou vill mer mäi schéint Bichelchen och um Häerz leit an ech richteg traureg wier, wann ech et eemol géing verléiere mat all menge wichtegen Datumer dran, so katastrophéiert wier ech, wann op eemol mäin Telefon fort wier, well do stécht mäin halleft soziaalt, privat a berufflecht Liewen dran. Wéi ech viru Joeren eemol mäin Portmonni an enger Grousstad verluer hat, war et mer net fir ze laachen, mä iergendwann hunn ech mech derbäi ertappt, datt et nach méi schlëmm gewiescht wier, wann den Handy fort gewiescht wier- well um Enn hunn ech doran nach all wichteg Nummere gehat, déi ech grad an där onglécklecher Situatioun gebraucht hunn.

Soss wier aus der Sich no den Dokumenter och nach d'Sich no de Leit ginn, well éierlech, kennt dir nach d'Telefonsnummere vun äre Frënn auswenneg? Verloosst der iech net einfach, wéi ech, op dee gescheiten, klengen Apparat an der Täsch, dee weess, wann ech Manon antippen, wien en dann urifft?

Heiansdo mécht en een awer och verréckt, wann op eemol eng SMS kënnt mat enger Nummer, awer ouni Numm! Allerdéngs kann dat jo och ganz schéi spannend sinn.

Léiwer eng onbekannten Nummer ze vill, wéi eng bekannten ze mann.

Vläicht gëtt jo eemol aus der onbekannter Nummer en Numm am Handy! An e feste RV, an dee schreiwen ech da mat vill Freed a mäi schéinen, faarwegen, peppegen Agenda mat der Jugendstil-Madame virdrop.

AUDIO: 28/01/2014 Apropos "Wien, wéini, wat, wou? Alles notéiert!"