Am Abrëll soll zu Bréissel iwwer en neit europäescht Reglement wat de Verkaf vu Soomzorte betrëfft ofgestëmmt ginn. Apropos: „wat mer séien, wäerte mer och kréien“, mengt de Fernand Mathes.

Oder besser wat se eis nach séie loossen.... a wat mer kréie wësse mer dann nach laang net. Wëssen di mer jo antëscht, wéi kromm datt eng Bananne muss sinn, fir datt se europäesch genuch ass a wéi riicht sech d' Kornischong muss hale fir net duerch d'Euronorm ze falen.

Iwwer all dat kann een nach laache, mä iwwer dat wat se elo zu Bréissel ausbréien, kann an däerf een net méi laachen. Schonn zanter dem läschte Mee sinn d' Diskussiounen am Gang fir d' Soomproduktioun an de Verkaf dovun ze katalogiséieren an ze reglementéieren. Firwat? Ech hunn d'läscht Joer gemengt, dat wier just eng Schnapsiddi vun iergendengem Eurokrat, dee soss näischt besseres ze dinn hat an dat géing an Amen a Jo am ronne Classeur landen.. ma gleef es. Déi wëllen allen Eeschtes déi Saach duerchboxen an e puer Multien alles an d' Hand spillen, wat nach an Europa dierf geséint a geplanzt ginn.

Gëtt et nach net Beispiller genuch wéi dernieft dat ass? Erënnert iech un de Räisubau an Indien, de Weess weltwäit.

Ech verstinn näischt méi an Europa am allermannsten. Jorelaang bretze mer eis mat enger multikultureller, europäescher Gesellschaft, déi duerch hir Villsäitegkeet eenzegaarteg a räich ass an da solle mer de Fong dovunner, d' Diversitéit vun eise Kulturplanzen einfach op d' Mëscht geheien an eis vun e puer Konzerner diktéiere loossen, wat mer nach dierfen an eis Gäert a Felder séinen a planzen. Ech géif dach menge Bréissel soll just de Géigendeel fërderen, d' Villfaltegkeet an dat, wat regional sënnvoll ass, amplaz just dat, wat de Multien an de Som, pardon, an de Krom passt.

A wat hänkt do net nach alles drun, wa mer bis u sinn mam kontrolléierte Geseems? Ech erspueren iech elo meng schlecht europäesch Dreem, ma ech wëll mech wieren.

Anerersäits, wéi kann een deenen un der Spëtzt zu Bréissel nëmmen hëllefen? A wa se géife richteg heekelen, Bréissler Spëtzen hunn dach well iwwer 300 Joer e gudde Ruff!

AUDIO: 29/01/2014 Apropos "Wat mer séien, wäerte mer och kréien" Fernand Mathes