Et ass net ëmmer d'Léift op den éischte Bléck, dacks loosse mer eis och vun der zweeter Wiel verféieren

Ass et en Tick ? Ass et e Reflex ? Ech weess et net. Ech weess awer, datt et mir selwer och scho mol virkënnt, net all Kéiers awer ëmmer nees: de Grëff an déi 2. Rei. Dir kennt d'Situatioun dach och. Et trëppelt een am grousse Supermarché vun engem Rayon bei deen aneren a spéitstens bei de Killregaler passéiert et. Ob Jughurt, Kéis, Ham, Saumon, Pizzasdeeg, Eeër, an ech kéint nach minuttelaang viru fueren: et gräift ee seelen no deem Artikel, deen engem direkt als éischten entgéint gespronge kënnt. Léiwer mol nach eng oder zwou Reien hannendru luussen, resp. wulle goen. Meeschtens fënnt een dann och do en Dëppche Ram, dat nach 1 Woch méi laang gutt ass ewéi dat, eng Handbreet virun ëm an der éischter Rei. Obwuel dat och nach 3 Wochen Zäit huet, ier et ofleeft. A souguer duerno nach eng Zäitlaang ouni Bedenke ka konsomméiert ginn. Mir wëssen et jo. An awer …

De Phänomen existéiert iwwregens net exklusiv bei frësche Liewensmëttel. Leet Dir net och léiwer eng Bécks Ravioli an Äre Käddi déi viru September 2015 soll opgemaach ginn oder eng déi et bis Januar 2016 packt ? Dat sinn ëmmerhi 4 Méint Ënnerscheed, en Drëttel Joer Sputt. Enorm.

Et gi jo mëttlerweil e puer méi clever Butteker, déi d'Wuer mam spéidere Verfallsdatum carrément un d'Front placéieren an der Hoffnung, datt de Client onbewosst säi Reflex auslieft an automatesch hannendru krope geet an esou dann awer dat Produkt erwëscht, dat eppes éischter ofleeft. Ob déi Taktik effektiv opgeet – ech bezweiwelen et …

Am Fong geholl kënnen a solle mer jo maache wéi mer wëllen. Wann déi grouss Offer schonn do ass ka jo keen eis verbidden dovunner ze profitéieren. Mir hunn nun mol ebe léiwer eppes, wat méi frësch ass, ewéi nëmme frësch. De Problem daucht allerdéngs herno doheem am Frigo oder an der Spënnchen op: déi Deeg, Wochen oder Méint, wou eis Artikelen dann elo méi laang haltbar sinn, verginn ouni datt eppes geschitt. A kuerz ier se oflafen erënnere mer eis drun, datt se nach do sinn. Wann iwwerhaapt. Gutt geschafft !

AUDIO: 30/01/2014 Apropos - net dat Éischtbescht ...