Wat war ech erféiert de Sonndeg den Owend. Kaum ass et däischter ginn, schonn huet et un der Dier geschellt. An ech hu mech gefrot, ob dat lo nei ass, dass d'Abriecher, déi ëm déi Zäit jo ëmmer ënnerwee sinn, well schellen. Mam Kichemesser hannert dem Réck sinn ech mol kucke gaang, ween et sollt sinn, an et ware … Kanner. A se wollten, wéi et sech erausgestallt huet, Schockela oder Cash. Däers ech awer keen am Haus hat. Ech hunn de Kanner dunn ee "Chèque Repas" ginn a se rëm heemgeschéckt. Dat schéngt sech erëmgeschwat ze hunn, well kuerz drop huet et scho rëm geschellt. Ech hat ganz verschlof, dass Liichtmëssdag wär.

Deenen, déi sech mat eisen Traditiounen net sou auskennen, sief gesot, Liichtmëssdag, dat ass sou eppes wéi Halloween, allerdéngs fir déi Liddereg, déi keng Loscht hunn, sech ze verkleeden. An dat kuerz virun der Fuesent. Ma geet et nach mam Geliits? Wéi et schéngt, wär et och sou, dass d'Kanner, déi deen Dag schelle kommen, supposéiert sinn ze sangen. Dat muss den Afloss vun de Castingshowe sinn, mat deenen d'Kanner vun haut opwuessen a vun deenen se léieren, dass et näischt fir näischt gëtt am Liewen, an dass Sangen ee vun deenen einfachste Weeër ass, säi Brout, oder an dësem Fall säi Schokla, ze verdéngen. Déi viru menger Dier haten dat just iergendwéi nach net verstan, déi hu mer just hir Lampione virun d'Nues gehal, an déi oppen Tut entgéintgestreckt.

Wann dat fonctionnéiere géif, hätten d'Heescherten an der Groussgaass wuel och keng Hënn, mä Lampionen dobäi. Et ass natierlech och net sou einfach, déi droleg Texter iwwert den hellege Blasius ze beherrschen. Bis d'nächst Joer hunn se déi vläicht drop.

An ech sinn dann och virbereet, sou wéi den Text et verlaangt, mat pënnerweis Speck an Béckse voller Ierbessen. Dat ass och vill méi gesond wéi dee Schockela, dee se scho fir Halloween kruten, an dee lo scho rëm an Hieserchersform an de Regaler steet.