Handaarbecht

Fréier war zwar net alles besser, mä villes méi einfach. Zum Beispill d'Hänn wäschen op enger ëffentlecher Toilett. Do ass ee bei de Lavabo gaang, huet de Krunn opgedréit, d'Hänn drënner gestach, duerno d'Seef geholl, d'Hänn rëm ënner d'Waasser gestach, de Krunn dann zougedréit, duerno d'Hänn um Duch ofgebotzt a fäerdeg. Dat war ze einfach. Ze wéineg effizient. Ze geféierlech. Haut geet dat dofir anescht.
Ob um Fluchhafen, am Kino, am Restaurant oder am Stadion, fir unzefänken, gëtt et kee Krunn méi fir opzedréien. Entweder muss een eng hallef Stonn virun engem Sensor fuchtelen, fir dass 2 Drëpsen erauskommen oder et muss ee fest uewen drop knuppen, an dann d'Hand direkt séier genuch drënner hunn, fir nach e bësse Waasser matzekréien.
Wéi kann et sinn, dass d'Santé eis recommandéiert, d'Hänn eng hallef Minutt laang ze schruppen, mä op de meeschten ëffentlechen Toiletten de Krunn nëmmen sou kuerz leeft, dass souguer den Usain Bold keng Chance hätt do matzekommen? Géif de Stauséi ausdréchnen, wann e puer Drëpse méi kéimen? De Betrib wéinst där enormer Waasserrechnung faillite maachen? Hunn iere Leit onerlaabt hir Intchen am Lavabo gebuet?
Mat der Seef ass et net besser. Wann et der iwwerhaapt gëtt, dann ass dat oft sou ee komesche Schaum, deen nom Zoufallsprinzip aus enger Maschinn un der Mauer eraussabbelt. Wéini war ech an engem neie Konferenzzenter, do war alles sou "design", dass mer zu 3 eng Éiwegkeet do ze rätsele stoungen, bis mer erausfonnt hunn, dass et och dofir ee Sensor géif, deen hannert dem Spigel verstoppt war. An zwar sou gutt, dass herno alles voller Seef war, ausser d'Hänn. Ëmsou méi penibel war et, dass de Sensor vum Krunn duerno och nach just mat vill Iwwerzeegungsaarbecht konnt iwwerriet ginn, e bësse Waasser ze spenden, fir déi Seef rëm lasszeginn.
Iwwer d'Verhandlunge mam Hightech-Hand-Föhn soen ech léiwer näischt méi, ausser: nëmme gutt, dass een d'Hänn och kann un der Box ofwëschen. Ech fäerten elo schonn den Dag, wou een Designer op déi gutt Iddi kënnt, och eis Dusch, dat Relikt aus dem 19. Jorhonnert, endlech mol op den neiste Stand ze bréngen.