Wäerter

Sollt Der bestuet sinn, da ginn ech dervun aus, datt Der aus fräie Stécker op der Gemeng beim zivile Mariage 'Jo' gesot hutt. Wéi sou e 'Jo-Wuert' awer zustane kënnt, ass net ëmmer sou eendäiteg. Sécher aus Léift – oder awer fir keng illegitim Kanner ze zillen, sech géigesäiteg ofzesécheren oder ieren aus reng fiskale Grënn?
Sidd der duerno och nach an de Kierch bestuet ginn, da sécherlech aus enger déiwer reliéiser a spiritueller Iwwerzeegung eraus. Hoffentlech net wéint dem versprachene Bauterrain oder ieren aus der Iwwerleeung eraus, wat d'Leit wuel géifen denken, wann een net mécht, wéi dat sech gehéiert. Sou schéngt et, wéi wann et nach ëmmer vill déi aner wieren, déi eist Denken an Handele géife beaflossen – wou ass dann, wann ech gelift, den opkläreresche Geescht hin?
Ech denken och un d'Generatioun vun mengen Elteren. Gouf eng Fra bestuet, huet se deemools missen ophale mat Schaffen. E Kont op enger Bank konnt just mat der Ënnerschrëft, also mam Averständnes vum Mann, opgemaach ginn a beim Führerschäin konnt d'Fra och just op de gudde Wëlle vun hirem Häerzallerléifsten hoffen.
Spéitstens bei dësen Tatsaachen aus der gudder aler Zäit komme Ronzelen op Stir vun haut. D'Fro: "Wéi konnten déi sech dat gefale loossen?" ass wéi ëmmer déi falsch a misst heeschen: "Wat ass geschitt, datt et net méi sou ass?"
Hutt Dir och Frënn a Bekannten, déi sech net bestueden däerfen, well aner Leit dat soen – also Gesetzer eppes verbidden, déi am Numm vun all de Leit vun e puer anere geholl ginn?
Bei der Gebuert hu mer all eng Zort onsiichtbare Rucksak um Réck – dee gëtt lues, awer sech gefëllt an net vun eis selwer. Sinn et am Ufank d'Elteren an Famill, Crèche a Maison Relais, sou sinn et kuerz iwwer laang all méiglech Institutiounen a Kulturen, déi jidderengem andauernd eppes an de Rucksak tässelen.
Dobäi kënnt der Gesellschaft an domatter der Politik eng wichteg Aufgab zou: Net ze kucken, wat an all Rucksak gehéiert an dofir ze kucken, dat jiddereen mat sengem eegenen Rucksak och ëmzegoe weess. Sécherzegoen, datt dëse vun Zäit zu Zäit vum Réck geholl gëtt, fir ze kucken, ob dat alles nach gebraucht gëtt oder ob mir net méi liicht kinnten ënnerwee sinn. Well d'Gefor, wéi de Schopenhauer schonns bemierkt huet, datt ee seng eege Virstellung fir d'Grenze vun der Wierklechkeet hält, ass grouss; fir deem anere säi Rucksak ganz beschwéierlech a fir den normativen Horizont och ganz geféierlech.