Am richtege Liicht

Definitiv Liichtmëssdag ass kee vergiessent Fest, gëschter huet de Bob Kieffer op dëser Plaz schonn erzielt vu senger Iwwerraschung, wéi et geschellt huet a vrun him Kanner mat Lampionen an oppenen Tute stoungen. Och d'Christiane Kremer hat säin Erliefnes mat Liichtmëssdag a stellt sech d'Fro ob sonndes vläicht kee gudden Dag dofir ass.
Eng Partie hu schonn e Freideg an e Samschdeg hiren Tour duerch d'Stroossen a Stad a Land gemaach, anerer haten sech un den Dag gehalen a waren e Sonndeg liichten. D'Traditioun ass also nach ëmmer lieweg an iergendwou mécht se nach ëmmer Freed, ass mer e Sonndeg selwer opgefall, wéi ech dem „Léiwer Herrgottsblieschen“ nogelauschtert hunn an an de Portemonni gegraff hunn fir eppes an déi faarweg Bécks ze geheien. Mir sinn als Kanner mat Begeeschterung liichte gaangen a Freed mécht et de Kanner sécher och nach haut- trotzdem héiert een ëmmer erëm vu Leit, déi Séissegkeete kaaft hunn, datt kee méi liichten a sange kënnt an datt dës Traditioun um Ausstierwen ass. Ass se dat da wierklech? An de Schoule ginn op alle Fall nach ëmmer äifreg Lampionen a Liichtebengelcher gebastelt.
Gëschter hat ech mat enger Kollegin rieds, déi éischter traureg erzielt huet vun der Duechter, déi mat de Kollege virun zouenen Diere gesongen huet. D'Dieren, déi net opgaange sinn, obwuel ee gesinn huet, datt een doheem war.
Ech ka mer virstellen, wéi eng Enttäuschung dat fir d'Kanner ass, wa se op hiren Engagement mol kee Feedback kréien.
Firwat mécht een dann d'Dier net op: well ee vergiess huet Séissegkeeten anzekafen, well ee grad kee Su bei Hand huet, well een net wëll gestéiert ginn oder well een näischt mat dëser reliéiser Traditioun kann oder wëll ufänken? Woubäi ee reliéis net soll ze enk gesinn- ëmmerhi war et um Ufank e keltesche Brauch, duerno och e réimeschen, ier dorausser e reliéist Fest gouf. Um Lidd, dat sech direkt op den Hellege Blasius bezitt, dierft et och net leien, well et ginn och do verschidde Stécker, déi jo no Géigend gesonge ginn: vum klenge Kinnek bis bei d'Liichtemännercher.
Vläicht wier et gutt Liichtmëssdag mol nees an dat richtegt Liicht ze setzen: d'Kanner komme mat Begeeschterung a Freed a brénge Luucht an den dacks groen Alldag, den däischtere Wanter oder an déi donkel Kummer, an déi mer eis heiansdo mat eise ville klenge Problemer aspären.
An dacks, ze dacks, komme mer aus där just nach online iwwer iergend en soziaalt Netzwierk eraus. Dofir maacht dach op a loosst d'Luucht eran, an zwar net nëmmen op Liichtmëssdag. Et kascht iech weder Speck nach Ierbessen, mä just en € oder e Stéck Schockela. Oder vläicht eng Mandarin.