keng gëlle Kou !
Sport ass jo anscheinend déi schéinsten Niewesaach vun der Welt. An et wier och schéin, wann et am Ufank mol dobäi kéint bleiwen, mengt de Gibbes Bertolo
Hutt Dir och Kanner? Maachen se Sport? An engem Veräin? Dat ass gutt. Do léieren se den Equipegeescht kennen, Disziplin, Konkurrenzdenken … a vrun allem, dovunner sinn ech ëmmer mol ausgaangen, de Fairplay. Mat deem ass et allerdéngs wéi mat villem aneren och: et fänkt mat där gudder Kannerstuff un. Sou wéi Mamm a Papp sinn wäerten enges Daags och d'Kanner ginn.
Super, wann d'Elteren op de Gradinen hiren Nowuess ënnerstëtzen an ufeieren. Dat motivéiert net nëmmen, dat bréngt och nach Stëmmung an d'Bud. Leider ginn et awer och där, déi et mat der Motivatioun e bësschen ze vill eescht huelen, wou den Engagement dann a Fanatismus ëmschléit.
Ech konnt et laang net gleewen, wa Frënn mer esou Fäll aus hirem Ëmfeld zitéiert hunn, bis ech viru kuerzem dann elo selwer als houferege Papp mengem Meedchen seng Première um Volleyballfeld konnt erliewen. Hannert mer souz en Här, deem säi Jéngst da wuel och am Asaz war. Deem et awer net gefall huet wéi anerer an der Equipe sech presentéiert hunn. „Dat soll dee Ball dach mol uerdentlech passen, firwat gouf déi K** iwwerhaapt opgesat ...“ Méi wëll ech elo hei net zitéieren. Fir mech net an onnëtz Diskussiounen anzeloossen hunn ech d'Plaz gewiesselt fir dunn nieft enger Elterekoppel ze sëtzen déi wuel manner aggressiv dofir awer ëm sou méi nervös d'Partie suivéiert huet. No all Ballkontakt hu se hirem Meedche konkret Uweisungen a Verbesserungsproposen zougeruff resp. eragewénkt. Dat huet dann och no all Ballkontakt eropgekuckt fir sech ze vergewësseren, ob et dann elo déi Kéier alles richteg gemaach huet. Souguer tëscht 2 Sätz huet de Papp sech vun uewen erof bemierkbar gemaach an d'Kand mat taktesche Raffinesse beléiert. Bis dunn d'Trainerin deem Ganze mat léiwem awer behäerztem Agräifen en Enn bereet huet.
Jo, vläit gëtt aus deem jonken Talent enges Daags eng grouss Spillerin. Déi da seet, datt et d'Eltere waren déi se sengerzäit ëmmer nees motivéiert hunn. Och wann et heiansdo haart war. Et kann awer och sinn, datt dat jonkt Talent deemnächst d'Turnschlappen an den Eck pucht an net méi wëll.
Et kléngt vläit radikal, mä ouni esou Elteren hätt eis Welt vläit e puer Superstare manner, dofir awer e puer glécklech Kanner méi. Et geet net ëm déi berühmte gëlle Kou. Nach net …