Kap ass net gläich Mutz an ëmgekéiert ...
So mer wat s de um Kapp hues an ech soen der wien s de bass
Als Radiosmënsch muss de ëmmer dermat rechnen, datt een dech drop uschwätzt, wat se alt nees um Radio esou vu sech ginn hunn. An esou ass et mir och nees läschte Samschdeg ergaange: „So dir hutt der ower bäi iech, déi ginn der Welt a besonnesch dem Lëtzebuergeschen zolitt Stéiss.“ Oh mei duecht ech, a wat hu mer elo nees verbrach.
„Do huet een d' läscht Woch op ärem Radio bäi enger Vermësstemeldung vun enger Baskemutz geschwat an dat net nëmmen eng Kéier an et steet och nach esou
um Internet „
An du wore mer un, ech muss mech zwar och all Kéiers rëselen, wann esou nei Wuertkreatiounen aus dem Däitschen eraus opdauchen, zemol wa mer am Sproochgebrauch Wieder hunn déi zanter jeehier Bestand hunn. Ma meng Toleranz wat den Ëmgang mat eiser Sprooch ugeet, gläicht ëmmer méi engem Lastik! Ech géing mech soss krank maachen an eisem „mega coole keng Ahnung gell“ Ëmfeld.
Ma well läschte Samschden och e puer Jonker tëscht 15 an 25 derbäi woren, hu mer gläich den Test mat der Baskemutz op der Platz gemaach an si gefrot ob se wéisste wat dat wier? 80% keng Ahnung, ower mat engem Béret konnten se all nach eppes ufänken. Dat huet mech am Fong gewonnert an ech hu mech drun erënnert, datt dee Béret jo net nëmme bäi de Basquen eng symbolesch Bedeitung huet, datt en net nëmmen als Cliché bäi eise franséischen Nopere muss duerhale ma datt en och hei zu Lëtzebuerg am 2. Weltkrich als Protest géint d' Germaniséierung duerch de Gauleiter benotzt gouf an doropshin esouguer verbuede gouf. Ma dat ass laang hir an deemools hu se nach no doheem verlaangert amplaz Heemwéih ze hunn (de Film gefält mer awer richteg gutt).
D'Conclusioun läschte Samschdeg, wor alt nees déi, datt mer d' Rad net kënnen unhalen, ower datt et schued ass, datt mer dat Wéinegt wat mer un Identitéit nach opweises hunn, esou vergammele loossen...
Et hat ower och nach ee vun deene Jonke gemengt ob mir soss keng Suergen hätten... am Fong... ech weess net, keng Ahnung, et ass och mega egal.... an domatt hätte mer schonn nees en neit Wuert, et ass megal!