Et ass jo näischt Neits méi, datt vill Artikelen vu vir eran esou gebaut ginn, datt si no enger Zäit futti ginn.

An datt eng Reparatur dacks méi deier gëtt, wann se dann iwwerhaapt nach méiglech ass, ewéi een neien Apparat. Déi Erfahrung huet de Gérard Floener och nees misste maachen.

AUDIO: 12/02/2014 Apropos Geplangten Obsoleszenz

An zwar bei menger elektrescher Zännbiischt. Dat gutt Stéck huet viru kuerzem op eemol matten an der Nuecht fonnt, et misst ganz alleng am Buedzëmmer ugoen. Well dat esou ee Kaméidi gemaach huet, an et keng Méiglechkeet gëtt, d'Batterie eraus ze huelen, hunn ech se misste futti maachen, datt endlech Rou wier!

Déi Zännbiischt wor villäicht 6-7 Joer al. Dofir sinn ech dovun ausgaang, datt ech de Grëff als Ersatzdeel bestelle kéint. Ma neen, gëschter hunn ech de Bréif kritt, datt et keng Ersatzdeeler méi gëtt, datt ech also de Chargeur an d'Ersatzbiischte mam futtis Grëff kann ewech geheien an eng nei Zännbiischt muss kafen!

Dobäi ass mir opgefall, datt ech mat där Marque vun där d'Zännbiischt wor an deene leschte Joere scho méi dacks esou ähnlech Erfahrunge gemaach hunn. Eng Marque, mat där ech u sech laang gutt gefuer sinn. Mäin éischten CD-Player ass vun där Marque, an dee geet haut nach. Meng éischt Televisioun ass vun där Marque, an och déi geet nach ëmmer. An deen éischte Videorekorder deen ech kaf hunn ass vun där Marque, an och dee geet nach ëmmer. Ech hunn esouguer eng Kéier een Ersatzdeel fir een ale Kassetterekorder vun där Marque kaf, deen deemools scho méi ewéi 10 Joer hat.

Mat den 2000er Joeren huet awer genee déi Marque, déi bis dohi mäin absolut Vertrauen hat ugefaang mech ze enttäuschen. Wéi ech ee Radio CD-Player hat, deen ugefaangen huet Männercher ze maachen. Deen hat villäicht 4 Joer, also hunn ech en an d'Reparatur ginn. Mam Resultat datt ech en nees zeréck kritt hunn, mam Argument, do wier näischt méi ze maachen, et géif keng Ersatzdeeler méi ginn. An dee selwechten Zirkus elo nees mat där topeger Zännbiischt!

Wat huet déi Marque elo erreecht?

Ech kafen op alle Fall kee Produit méi, op där hiren Numm steet. Bei Audiovisuellen Apparater scho méi laang net méi, bei Haushaltsapparater an Zukunft och net méi. Op dat mat där geplangter Oszoleszenz bei hinnen esou geduecht wor gleewen ech net.

A mat der Zännbiischt ginn ech elo ganz op Nummer sécher: Keng elektresch méi, och wa mäin Zänndokter mir déi recommandéiert huet, mä eng mat Handbetrib. Déi muss ech och regelméisseg erneieren, mä do produzéieren ech wesentlech manner Offall domat, wéi wann och nach dee ganzen Elektroschrott dobäi kënnt.