Spaassgesellschaft

Datt de Mënsch sech gären amuséiert ass näischt Neies. Roum ass souzesoen drun zu Gronn gaangen, bei Brout a Spiller wär et schonns deemools schwéier e kritesche Bléck ze halen a lenkt och nach haut vum Nodenken of. Sou gëtt och de beschte Spaass-Regime schlussendlech vu sech selwer ofgeschat – dem Dante seng lescht 3 Terrassen aus der „gëttlecher Komedie“ kënnen e Lidd dovunner sangen. Deen aneren Extrem – do wou all Spaass verbueden ass – huet och keng längerfristeg Liewensperspektiv – allzäit net wann een déi aner Säit vun der Mauer all Dag op en neits eng gefillte besser Alternativ virun Ae gehale kritt. Dat gëllent Mëttelmooss, fir net vun enger Tugend ze schwätzen, schéngt do besser ze funktionéieren – wier do net den Hocken, dat dem Mënsch séin Appetit no Distraction sou ze soen onendlech schéngt.
Doriwwer huet och den Neil Postman virun 30 Joer op der Frankfurter Buchmesse fir d'éischt geschwat- fir dat Joer drop ënnert de Titel „Mir amuséieren eis zu Doud“ en akademeschen Bestseller ze ginn. Dobäi vergläicht de Postman zwou entgéint gesate Welten aus der Literatur: déi aus '1984' an där vum 'Brave New World'. Während beim Orwell d'Angscht ronderëm geet Bicher géife verbuede ginn a Bildung ënnerdréckt, ass et beim Huxley d'Iddi dat e keen Buch ze verbidde brauch well iwwerhaapt kee sou eent liese wëll. D'Autoritéite géifen dofir suergen, datt mer all schéi brav passiv dem eegenen Egotrip géife verfalen. Dat schéngt och ze geléngen: wollt fréier jiddereen de Savage bleiwen, sou schénge mer all ganz frou driwwer ze sinn konform an ugepasst en Alpha-Liewen ze féieren – wou ee mol selwer entscheede kann ob ee fëmmt a schonns guer net wou.
Och eis national Politik wollt viru Joeren en Enn vun der Spaassgesellschaft mam Resultat dat d'Kris zwar keen Enn krut dofir awer zënter dem leschten Hierscht de Spaass vun där Politik. Dofir soll elo den Alter Ego an sengen dräi Fuerwe suergen. An dem Sënn wënschen ech all de Boken eng flott Fuesent an hoffen, datt de Wanter deem ganze Spaass net gewuess ass a sech endlech duerch d'Bascht mécht. Soss gi mer alt weider heeschen...