D'Bea Kneip freet sech wéivill Wouerecht an der Science Fiction stieche kann...

AUDIO: Apropos

1984 läit elo zënter 30 Joer hannert eis, mä wéi den George Orwell säi weltberühmte Roman am Joer 1949 geschriwwen huet, konnt e kaum wëssen dass dëst Buch no esou laanger Zäit nees géif aktuell ginn. Doru schold ass eng Remarque vum Edward Snowden, den d'Realitéit vum 21ste Jorhonnert als méi schlëmm ugesäit wéi dat wat den Orwell an 1984 beschriwwen huet.
Dat huet op alle Fall dofir gesuergt dass Verkafszuele vum Buch zolidd erop gaange sinn, mä ass et tatsächlech esou dass d'Wierklechkeet d'Fiktioun scho laang iwwerholl huet? Ass aus der Science Fiction vu viru 60 Joer eng "Science reality" ginn?
Science Fiction ass e Genre dat an der Literatur an am Film schonn esou laang existéiert wéi et ebe Bicher a Filmer ginn. "Le voyage dans la lune" vum Georges Méliès ass 1902 gedréint ginn, an 1969 gouf et, wann een esou wëll, eng "Neiverfilmung" mam Neil Armstrong an der Haaptroll... Natierlech ginn net all Zukunftsvisioune Wierklechkeet (an dat ass och gutt esou) mä villes vun dem wat schlussendlech erfonnt oder gemaach gëtt, ass scho laang virdrun eng Kéier an der Science Fiction opgetaucht.
Vill Science Fiction Wierker beschreiwen net nëmmen technologesch Entwécklungen, mä villméi d'Zesummeliewe vun de Mënschen an der Zukunft. "1984" ass do just ee Beispill, en anert sinn de Kino a Buch-Erfolleg "Hunger Games", op däitsch "Die Tribute von Panem" . E brutaalt Spill, bei dem Jugendlecher forcéiert ginn, all hir Konkurrenten ëmzebréngen, an der Hoffnung selwer iwwerliewen ze kënnen. Dat ganzt gëtt natierlech live op der Tele gewisen, an et kann ee sech just virstelle wéi déi gelangweilt Spectateuren iwwert d'Chance vun deenen onfräiwëllege Kandidate spekuléieren, iwwerdeems se genësserlech hir Chipse knabberen. Et fält op dass mir Mënschen an all deenen Zukunftsvisiounen ni als besonnesch fein an ziviliséiert duergestallt ginn, an dat si mer jo och net ëmmer...Mä op déi Manéier iwwert eis selwer nozedenken a villäicht souguer doraus ze léieren, ass sécher net falsch...