Esou eng Etikett ass jo eppes fuerchtbar Praktesches, zemol an engem Barcode stieche jo eng Hellewull Informatiounen! An awer soll ee mat Etiketten e bëssen oppassen, mengt d'Bea Kneip...

Als Kand hunn ech alt heiansdo nach gesinn wann an engem Supermarché d'Wueren etikettéiert gi sinn. Op dem klenge pechege Präisschëldchen stoung da genee drop wat een an der Keess ze bezuelen hat, mä gare la box wann een nom Akaf dat Schëldchen nees wollt erofkréien...Dat goung dann net ganz esou einfach a meeschtens ass ee klengen Eckelche Rescht bliwwen, egal wéi vill ee geriwwen a gezunn huet. Dacks huet een et grad emol fäerdegbruecht fir e Lach an de Pak ze maachen...
Haut ass dat alles anescht. Esou e Barcode ass an de Pak integréiert, pecht garantéiert ni iwwert dem Verfallsdatum op engem Liewensmëttelpak, regroupéiert all méiglech Informatiounen iwwert eng Wuer, a wann emol eppes fir Kaddo ass, brauch een sech keng Méi ze maache fir en erof ze huelen. Et ass also alles besser ginn, schéin nei Welt!
Ech weess et awer net. Op eisen Akeef brauche mer natierlech Etiketten, mä soss am Liewe gi mer heiansdo ze vill liichtfankeg domat ëm. An normalerweis sinn et déi onsiichtbar Etiketten déi esou richteg fest pechen...Wann een engem Mënsch fir d'éischt begéint, da mécht een sech zimlech séier e Bild vun deemjéinegen. Wat huet en un, wéi huet en seng Hoer gekämmt, wou kënnt en hier, fiert e mat engem Luxusauto oder enger Schrottmillen, a scho menge mer déi Persoun ze kennen. Mä eigentlech hu mer hir just esou vill Etiketten op d'Stir gepecht dass mer riskéieren dorënner hiert Gesiicht net méi ze gesinn. A villäicht déi schlëmmsten Etikett vun allen ass déi wou dropsteet "ech kennen déi Persoun". Dat heescht näischt anescht wéi, deejéinegen ass klasséiert, an en Tirang geraumt, et brauch een dat net méi z'iwwerdenken. Mä d'Mënschen, an och mir selwer, änneren sech permanent, an eng Etikett déi gëschter nach richteg war, kann haut schonn net méi passen. A villäicht war déi Persoun jo och vun Ufank un falsch etikettéiert, mir hunn an eis an hir getäuscht, am Gudden oder am Schlechten. Esou oder esou, et däerf een seng Etikette roueg vun Zäit zu Zäit emol updaten...