Sochi - oder d'Trennung vu Sport a Staat

Sochi, war do eppes? D’Wanterolympiad, dat ass jo am Prinzip näischt anescht, wéi 100 verschidde Méiglechkeeten op d’Äis ze goen an ee Bierg erofzerutschen. Feelt nach just de Raab mam Wok. D'Spiller vu Sochi waren déi deierst Wanterolympiade vun allen Zäiten. An dat hunn d'Russen alles selwer bezuelt. Wéi et schéngt hätte se souguer nach e puer Su fir Korruptioun iwwreg gehat. Incroyabel.

Genësserlech hunn d’Medien eis duergeluecht wéi vill d’Arenen an all eenzelne Stull doranner kascht hunn. Konklusioun: an anere Länner wär et dat alles vill méi bëlleg ginn. Et mierkt een, dass déi nach ni vun eisem Festungsmusée, dem Tram, oder der Nordstrooss héieren hunn.
D'Olympiad wär eng gutt Geleeënheet gewiescht Russland, erëm nei, oder iwwerhaapt mol, ze entdecken, amplaz ëmmer op ale Klischeeën ze reiden. Wat mer gewise kruten, mat vill Genoss, waren dogéint Biller vun Hoteller un deenen nach gewurschtelt gouf, enger futtisser Dier, déi geklemmt hat, gielem Krunnewaasser a falsch montéierten Toiletten. Wien opgepasst huet, huet awer séier gemierkt, dass dat éischter Anekdote waren, an dass, trotz Wackelkontakt am Geliits vun engem Réng, global gesi relativ wéineg schif gelaf ass um Schwaarze Mier.
Ausser, natierlech, wéi dat sech sou gehéiert, fir den Ëmweltschutz an d'Mënscherechter. Pussy Riot hunn kee Concert däerfe spillen, an dobäi hate mir eis schonn all esou op déi gutt Musek gefreet.
D’Kiischt um Kuch a Saache Russland-Bashing war dann d’Warnung vun den amerikaneschen Autoritéiten, et sollt ee sech bewosst sinn, wann een zu Sochi säin Telefon oder Computer benotzt, dass d’russesch Geheimdéngschter alles kéinte matliesen. Wat eng Hypocrisie awer och vun engem Land, an deem den Edward Snowden Asyl genéisst!
Wéi och ëmmer, d'Show ass eriwwer, et goufe vill Medailen an net een Attentat, an d'Karavane zitt weider … a wäert 2018 rëm zréck sinn, dann nämlech, wann d'Fooball-WM och zu Sochi Statioun mécht. D'Kéier drop, 2022, ass déi dann am Katar, engem anere Land, wat bekannt ass fir seng laang demokratesch Traditioun a seng Toleranz géintiwwer Homosexueller.
Mä bon, anscheinend soll ee Sport a Politik jo getrennt kucken. Vläicht wär et dann och mol un der Zäit, souguer bei ons, d'Fro ze stelle vun der Trennung tëscht Sport a Staat.