Zu Sotchi hu se agepaakt, ma de Fernand Mathes huet eng Plaz fonnt, déi wuel méi bescheiden ass, ma do ass richteg Musek dran.

AUDIO: Apropos

Elo ass et schonn erëm 3 Deeg Geschicht, dat gréisst Sportsfest vun den Illusiounen an der Megalomanie. Ech hoffen dir leid net ze vill um Entzuch. De Sportler hir Leeschtungen hunn ech jo schonn appréciéiert, ma déi onsäglech Diskussiounen an Interviewe ronderëm, hu mer déi Kéier de Spaass un de Spiller richteg vergällt. Et schéngt wierklech keng méi huel Gespréicher ze ginn, wéi Sportsinterviewen. 100 mol d' Fro, „wat ass dat fir ee Gefill wann een op d'Medal-Plazza kënnt.... huet dës Medaille sech besser ugefillt wéi déi zu Vancouver... huet deng Mamm der Daume gehal?“ Ech erspueren iech et, et geet elo duer. Ech hu mer jo och net permanent kritesch Froen erwaart ma ech hat mat Momenter e bësse Matleed mat deene Reporter a Modérateuren, well ee gespuert huet, datt se hu misse penibel drop Uecht gi fir net an iergendee Plättel ze trëppelen an d' Illusioun vun enger perfekter Welt voll Glamour a Frique an der Riicht ze halen.

Zeenewiessel, an totale Kontrast.

D' läscht Woch, matzen an der olympescher Berieselung hat e Kolleg mer ee link geschéckt, dee mer d'Aen opgemaach huet wéi Gënzescheeken a mer d' Häerz richteg gewiermt huet. E link op d'Landfillharmonic, wou an engem kuerze Video gewise gëtt, wéi d'Leit aus engem klengen Duerf am Paraguay mat hirer Aarmut ëmginn. D' Welt produzéiert ongeféier 1 Milliard Tonnen Offall d' Joer, d' Mënsche vu Cateura, dem genannten Duerf, wunne bäi engem risegen Dreckstipp a liewen dervun aus dem Knascht an dem Offall dat erauszefëschen wat iergendwéi nach ze gebrauchen ass, et ze recycléieren an da probéieren et ze verkafen. Dobäi ass hinnen iergendwann d' Iddi komm aus dem Offall Instrumenter ze bauen, eng Gei aus engem blechene Korpus, en Cello aus engem klengen Uelechfaass an däers nach méi. Dat kléngt elo total schif, wann ech iech dat esou beschreiwen, ma dir musst selwer lauschtere wat doraus entstan ass. Ee Museksprof huet mat de Kanner vu Cateura en Orchester op d' Bee gestallt a mat dem Talent an dem Wëlle vun den jonke Museker aus hirem desolaten Ëmfeld eppes Positives gemaach.
Si maachen aus Dreck Musek, eng schéi Lektioun u Modestie un eng Gesellschaft déi vill vun hire Wäerter verluer huet.

Dir fannt de link op RTL.lu hannert dëser Rubrik

http://www.landfillharmonicmovie.com