Elo geet et nees lass mat deene geckegen Deeg. Oder ass d'Spaassgesellschaft iere schonn eriwwer ier se iwwerhaapt ugefaangen huet ?

AUDIO: Apropos

D'Fuesvakanz hu mer jo dëst Joer schonn hannerun eis. Grad ewéi och de Wanter, wann et dann net nach eng meteorologesch Iwwerraschung gëtt. An engem Siess hätt een dee Moment jo och d'Fuesent kéinten iwwersprangen, mä … ech wëll a wäert mech hei net als Spaassbrems outen.

Ech war ni sou e richtege Fuesgeck, a wäert et elo och net méi ginn. Ech erënnere mech awer nach, net ongär, un déi Zäit, wou mer als Kollegen all gudde Fuesdag um Tour waren. Donneschdes zu Waasserbëlleg, an da goung et iwwer Bieles, Péiteng, Schëffleng, Hesper, bis op Veianen a fir ofzeschléissen, dënschdes nach bei d'Hämelmaus. Vill Béier, vill Schweess, vill Zigarettendamp. Eng heavy Woch, no där een am Fong geholl zeideg war fir e puer Deeg Fuesvakanz. Haut geet dat noutgedrongen e bëssche méi gemelleg erof: keen Alkohol méi hannert dem Steier, gefëmmt gëtt och bal néierens méi a beim Danze kënnt een ewell vill manner ausser Otem well et een net méi sou op d'Pist zitt. Den Alter, quoi. Obwuel: dat ass dach nëmmen eng faul Ursaach fir net wëllen zouzeginn datt ech mat der Fuesent näischt méi um Hutt hunn. Dat ass eben esou an dat deet jo kengem wéi. Ëmsou méi bewonneren ech mëttlerweil all déi Gecken a Boken, déi sech mat vill Phantasie all Joers verkleeden, Fueslidder matsangen, mat Konfetti doruechter puchen a sech eventuell och déi eng oder aner Tëleesiwwerdroung aus där 5. däitscher Joereszäit eranzéien. An deem Kontext fält mer eise Joerhonnertprozess um Helleggeescht an. Gëtt et do net déi eng oder aner Parallel mat deem, wat dëser Deeg zu Mainz, Köln oder Düsseldorf geschitt ? Kapesëtzung, Bommestëmmung, Leit mat Räck, Prënzegarde … bon. De Geck séier nees an den Eck. Äschermëttwoch soll jo alles eriwwer sinn. Oder spéitstens Halleffaaschten. Awer nëmmen, wa jidderee seng Mask fale léisst …