Et ass keng Freed, wann een d’Boîte opmécht, an tëscht de Reklammen eng Enveloppe fënnt vum Papa Staat – Administration des Contributions. Dat heescht, et ass rem Zäit d’Steierklärung ze maachen, a sech deementspriechend e bësse mat eisem Steierrecht ze befaassen. Ee liewegt Beispill vu logesche Regelen, verpaakt a groussaarteger Prosa. Sou wéi dat eben deemools de Moud war, 1919, wéi se zu Berlin d'Reichsabgabenordnung zesummegeschoustert hunn, ee Meeschterwierk, dat a senger Versioun vun 1931 ëmmer nach d'Basis ass vun eisem Steierrecht. D'Nazie ware sou frëndlech eis dat 1940 matzebréngen, a mir hunn et nom Krich einfach mol gehal. Awer net, ouni eis z'ameséieren, an de Joren duerno, hei an do eppes ze änneren, an nach e puer Kilo eege Gesetzer drop ze tesselen.

Dat musse witzeg Reunioune sinn, um Finanzministère, oder wou och ëmmer, wann et drëm geet, alt erëm eng Kéier Hand unzeleeën un eise Code Fiscal. Wann een verschidde Passagë mat e bëssen Distanz kuckt, muss ee sech froen : wéi koumen déi dorobber ? Huele mer dat léift Beispill no deem een däerf 672 EUR op de Kapp ofsetze fir eng Liewensversécherung. Firwat déi kromm Zuel ? Ech weess, dat ware mol Frangen. Mee dann nach. Firwat 672 an net 491, 546, 732 oder 903 ? Wéi eng esoteresch Kräfte waren do am Spill, fir festzeleeën, dass ausgerechent d'Zuel 672 dem gëllene Schnëtt entsprécht ?

An engem rezenten Interview huet de Chef vun der Steierverwaltung iwwregens gemengt, et géifen eng ganz Partie Leit, déi eigentlech vum Staat eppes ze gutt hätten, mee dat Geld ni géife kréien, - respektiv erëmkréien, de Staat huet hinnen dat virdru jo scho mol ofgeholl - well se keng Steiererklärung erareechen. E komesche System ass dat, an deem d’Leit an d’Firmen net alleng drop besteiert ginn, wéi vill ze verdéngen, mee och dorobber, wéi gutt se d’Regele kennen. Zum Gléck ginn et awer sympathesch Steierbeamten, déi et an hirer rarer Fräizäit op sech huelen, deck Bicher ze schreiwen, an deene mir normal Stierflech déi Saach mol am Detail erklärt kréien. „La déclaration d’impôt, ligne par ligne, case par case“, heescht den aktuelle Bestseller.

Net dass ech den Auteuren den Erfolleg net géif gënnen, ganz au contraire … mee ass et net droleg, dass eis Gesetzer a Formulairen sou komplizéiert sinn, dass een normale Mënsch ouni qualifizéiert -an oft entspriechend deier- Hëllef net capabel ass, se richteg ze verstoen ? Vläit huet eis nei Regierung jo de Courage, net nëmmen e puer Seuilen unzepassen, mee dat ganz Regelwierk mol e gutt Stéck méi einfach ze maachen.