Gëschter gouf et nëmmen een Thema am Land: En Oscar fir Lëtzebuerg! Oder awer net. Um Enn wollten der vill e Stéck vum Kuch, Christiane Kremer.

Mir sinn Oscar- de Saz ass gëschter deem engen oder anere bestëmmt duerch de Kapp gaangen an der Euphorie doriwwer, datt mer endlech op der Bühn oder soll ech soen um Olymp vum Film ukomm sinn. Bis op de rouden Teppech ware mer jo schonn emol an der Vergaangenheet komm, bei verschiddenen Nominatiounen, bei deene Lëtzebuerg zu de Co-Produzente gehéiert huet- et brauch een nëmmen un „The Girl with the golden earring“ mam Scarlett Johansson ënner anerem, ze erënneren.
Mä ëmmer dann ass déi inevitabel Fro opkomm: Ass dat dann och wierklech e richteg Lëtzebuerger Film? A wat hu mir dann ausser Suen dozou bäigedroen. Déi Kéier ass déi Fro hoffentlech iwwerflësseg. Well wat muss dat fir e Gefill gewiescht sinn fir déi Responsabel, wéi de Matthew McConaughey, selwer spéidere Laureat, um Ufank vun der Zeremonie de Präis deklaréiert huet.
An duerno war d'Freed grouss- am Sall, zu LA, zu Lëtzebuerg, awer och a Frankräich an an der Belsch. Op eemol ware mer all zesummen Oscar. An der Victoire huet ee jo souvill Frënn a jidderee wëll e Stéck vum Kuch. Mä wann een dat jo schéi gerecht verdeelt, kann dat gemeinsamt Feiere nëmme Spaass maachen.
Sou an net anescht soll et och beim „Mr Hublot“ sinn. Seng Figur kënnt aus der Belsch vum Sculptur Stéphane Halleux, säi Produzent ass de Laurent Witz, gebiertege Loutrénger, d'Regie huet den Alex Espigares gemaach, e Lëtzebuerger mat och spueneschem Blutt an den Oderen, d'Sprooch vum Film ass englesch. Entstanen ass en integral zu Monnerech an e gouf vun zwou Firme co-produzéiert, zu 73% vun Zeilt Productions Lëtzebuerg, zu 27% vu Watt Frame Frankräich. An dobäi och zum gréissten Deel a vun Ufank u vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt.
Hei si mer net dat klengt Land, dat sech just iwwerall akeeft fir och bei de Grousse matzemëschen. Nee, mir si kreativ a beweise, datt mer als multikulturellt Land eng richteg gutt drop hunn.
An dofir also ass „Mr Hublot“ och e richteg Lëtzebuerger Film!
A Frankräich missten se dat no den Interviewe vun de Concernéierte jo elo och matkritt hunn.

AUDIO: 04/03/2014 Apropos "E richteg Lëtzebuerger Film"