Gëtt d'Fro nom Glawen u Geeschter gestallt, sou gëtt dës meeschtens mat 'Neen' beäntwert. Firwat? Ma déi wieren onwëssenschaftlech! Dat heescht, d'Geeschter hu weder Matière, nach Energie, sou datt se no de Gesetzer vun der moderner Naturwëssenschaft net existéiere kënnen - ausser an de Käpp vun de Leit. Wien also haut vu Geeschter schwätzt, gëtt nawell gäre vernannt, vum einfachen Ignorant bis hin zum, dach,  komplett Debillen.

Dobäi wor d'Denkpotenzial vum mëttelalterleche Mënsch guer net souvill mol méi kleng wéi dat vum moderne Mënsch – awer de Kontext an deem geduecht gouf, wor e ganz aneren. Am Mëttelalter wore Geeschter genau sou reell, wéi Atomer a Photone fir de Mënsch vun haut.

Ah jo, sou gesi gleewen mir och nach haut alleguer u Geeschter. Well wëssenschaftlech Gesetzer hunn och weder Matière, nach Energie. Gesetzer vun der Physik, der Logik, Staatsgrenzen, ethnesch Ënnerscheeder, Gutt a Béis sou wéi nohalteg Politik – soss näischt wéi Geeschter. A mir gleewe sou fest drun, datt se eis ganz reell erschéngen.

Huele mer als Beispill dem Newton säi Gravitatiounsgesetz. Wann et kee Geescht ass, dann huet dëst Gesetz schonns ëmmer existéiert – souzesoen als Wierder, déi am Näischt Millioune vu Joren op dem Newton seng Gebuert gewäert hätten. Dir sot, dat ass lächerlech? Eh ben, dat heescht, datt d'Gravitatiounsgesetz soss néierens existéiert wéi an eise Käpp, kuerz 't ass e Geescht. Frot der Iech elo, firwat dann elo jiddereen un d'Gravitatiounsgesetz gleeft – da fannt Der d'Äntwert an eiser Kultur, wou traditionell d'Famill a spéider d'Schoul dës Aufgab iwwerhuelen.

Déi ganz Saach huet natierlech och en Hoken – de mënschleche Geescht selwer huet och weder Energie, nach Matière an nawell kënnt keen op d'Iddi, dëse bei allem, wat de Mënsch sou ustellt, a Fro ze stellen.
Deemno wier de gesonde Mënscheverstand soss näischt wéi dausende vu Geeschterstëmmen aus der Vergaangenheet - Geeschter, déi ëmmer op en Neits versichen, eng Plaz ënnert deene Liewegen ze fannen.
Dofir deet jiddweree gutt drun, sech mol ëm seng eege Geeschter ze këmmeren, iert een deenen aneren hir auslaacht. D'Fro, ob d'Welt onofhängeg vum Mënsch iwwerhaapt existéiert, ass jo och keng nei an huet duerch all déi Geeschter virun allem, an e Gléck, nach ëmmer keng lescht Äntwert.

AUDIO: Den Apropos vum Jean-Luc Thill (5.3.14)