Äääh-Zigretten

Fir d'éischt hunn ech gemengt, do géife Leit stoen, déi un hirem Bic knätschen.
Een zimlech décke Bic, sou een, wou een d'Faarwe wiessele kann, vu Gambia bis Schwaarz, wéi mer se fréier an der Schoul haten. Ma dunn hunn ech erausfonnt, dat ass kee Bic, dat ass eng E-Zigarett, an déi knätschen och net dodrunner, déi zéien drun. Net dass se fëmme géifen, si dämpen eng. Vapotéieren nennt de Fransous dat, well vapotéieren, dat ass net fëmmen. Anscheinend ass et souguer besser, oder villméi manner schlecht, fir d'Gesondheet. Well do pafft ee kee gedréchenten Tubak, mee flësseg Chimie.
Ech fannen E-Zigaretten aarmséileg. Vapotéieren amplaz ze fëmmen, ass wéi ee mam Tempomat iwwert den Nürburgring ze fueren, alkoholfräie Béier ze drénken, eng Schwarzwälder Kirschtorte ouni Zocker, opgemoolten Tattooen, Gromperekichelcher ouni Fett, ee Burger ouni Fleesch, Two and a Half Men ouni Charlie Sheen, de Wanter ouni Schnéi, ... einfach net dat richtegt.
Ech soe, wa scho fëmmen, dann ouni Batterie. Da ruinéier deng Gesondheet. Produzéier Bloseier. Asphaltéier deng Long. Gëff Geld fir Accisen um Tubak aus. Fëmm Zigaretten. Zigarilloen, Zigaren. Oder looss et sinn. Wie kennt net d'Photoe vum James Dean oder Humphrey Bogart, lässeg d'Zigarett am Bak ? Lo stell mol ee sech dat selwecht Bild mat sou enger klompeger plastiks Dampmaschinn vir...
Oder huele mer déi Zeen, wéi se an den 80er a kengem verstännegen Action-Film gefehlt huet: den Held huet sech op enger Tankstell grad ëm déi Béis gekëmmert, an trëppelt lo gemittlech fort. Iergendwou leeft Bensin aus. Den Held zitt nach emol un der Zigarett, dass déi och schéi gloust, a geheit se dann, ouni ëmzekucken, an de Pull ausgelafene Bensin, trëppelt ongeréiert weider, an hannert him explodéiert d'Tankstell mat all de Béisen. Mat enger Dampmaschinn amplaz enger traditioneller Zigarett géif dat einfach net fonctionnéieren..!
Mee all meng schéin Argumenter wäerten de Succès vun der elektrescher Zigarett net stoppen. Mol kucken op et dann net vläit souguer -an ausgerechent- d'Tubakslobby wäert sinn, déi dem Legislateur genuch Damp gemaach kritt, fir dës nei Konkurrenz vum Marché ewech ze dämpen.