40 Deeg dauert se d'Faaschtenzäit bei de Chrëschten, mä och an anere Relioune gëtt et eng Zäit fir méi an eng fir manner. Sou eppes ka jiddereen och fir sech perséinlech decidéieren, mengt d'Christiane Kremer.

Fréier goufen et manner Séissegkeeten, op d'mannst war dat emol ëmmer d'Äntwert op d'Fro vun eis Kanner: „Wat ass dat d'Faaschtenzäit?“. Äntwert „Da ginn et manner Séissegkeeten.“ Ob et der um Enn och wierklech manner goufen, weess ech net méi ze soen. Sécher weess ech awer, datt an der Epicerie der genau sou vill stoungen, wéi no der Faaschtenzäit oder virdrun. Ech wosst dat besonnesch gutt, well ëmmerhi war ech als Butteks- a Wiertsmeedchen an eiser Epicerie all Dag dermat konfrontéiert. Fir meng Spill a Schoulkollegen hunn ech an engem Kamellen-Paradäis gelieft. Fir si war kloer, datt ech ëmmer an all Dag tëscht all deene faarwege Schneekereie konnt wielen, vu wéi enger ech dann haut naschele kéint. Dat war net grad esou, ech hunn ëmmer brav musse froen an et gouf da grad emol eng Kamell, oder eng kleng Fläsch Limonade an déi huet musse fir de ganzen Dag duergoen. Grad wéi et och nëmmen eng Knippche gouf, wann emol eng Këscht opgemaach ginn ass. Duerno ass se dann nees an de Schaff gestallt ginn an deen aneren Dag gouf et nach eng.
Och haut ginn et an der Faaschtenzäit net manner Séissegkeeten an de Regaler, oder manner aner Delikatessen an de Geschäfter oder de Restauranten. Dat Wuert Faaschtenzäit ass jo och net grad dee Begrëff, deen haut als ganz sexy gëllt, wat net heescht, datt et dat net méi gëtt.
Mä wie wierklech esou eppes wéi eng Faaschtenzäit wëll hunn, dee ka sech se scho selwer zesummebauen a ka sech se och zäitlech sou tesselen, wéi ee wëllt, ouni engem reliéise Kalenner nozegoen an ze follegen an e ka se nennen, wéi e wëllt.
Um Enn ass déi grouss Erausfuerderung dacks, datt een emol verschidde Gewunnechten, déi engem sou vill aneres verspären, ewechraumt. Manner sëtzen, méi bewegen, manner online sinn, méi ofschalten, manner hetzen, méi genéissen... et gëtt sou villes. An et muss jo net just ëm Iessen an Drénke goen.
Oder wann et schwéier ass ganz ze verzichten, einfach emol soen: Haut huelen ech mer meng Knippche fir ze genéissen an da setzen ech de Rescht ewech.
A muer freeën ech mech op déi Nächst...
Vläicht ass dat jo och sou eppes wéi eng Faaschtenzäit.

AUDIO: 11/03/2014 Apropos "Faaschten oder manner haut ass méi muer"