Beréierungsängscht

Solle mer eis net mol nees eng Kéier léif drécken? Oder ass dat äres näischt? Apropos, de Fernand Mathes iwwer Beréierungsängscht.
Ech ginn et zou, ech sinn och net ëmmer opgeschloss an ech fänken och keng Gespréicher am Lift un. Ma ech probéieren an der Lescht ëmmer méi bewosst op meng Matmënschen zouzegoen, ouni ze brüskéieren ower dach esou, datt se mech zur Kenntnis huelen. Ech weess net firwat ma ech mengen dës Lektioun viru Kuerzem an enger Vakanz geléiert ze hunn, wou d' Leit ganz ongezwongen an ouni Beréierungsängscht mateneen ëmgaang sinn an ech muss soen, dat huet richteg gutt gedoen.
Mir Lëtzebuerger hu jo souwisou de Ruff reservéiert an zeréckhalend ze sinn ma dogéint kann een eppes maachen. Ech hunn an der Läscht z.B. ëmmer ganz frëndlech an haart Moie gesot wann ech an e Restaurant komm sinn, woumat ech mer allerdéngs meescht Blécker mat grousse Fragezeechen agehandelt hunn, esou am Sënn: „a wat hätt hien da gär“... Ma egal op d'mannst hunn ech Reaktioune provozéiert an dat ass vläicht en Ufank.
A well dat Thema mech intresséiert, hunn ech mech um Netz e bësse schlau gemaach. Nieft vill Theorie iwwer „Aphephosmophobie“ sinn ech ganz buedemstänneg op ee faszinante Fotograf gestouss, den d' Thema „Beréierungsängscht“ op eng ganz onbefaangen an direkt Manéier ugepaakt huet. Den New Yorker Fotograf Richard Renaldi huet iwwer 6 Joer queesch duerch d' USA Leit fotograféiert, 2 oder 3 Friemer, déi sech net kannt hunn an déi hien opgefuerdert huet, sech ze beréieren. „Touching Strangers, heescht säi Projet, den och am Abrëll als Buch erauskënnt.
Wann der iech déi Biller ukuckt a wéi se entstan sinn, ech hunn iech 2 linken un d' Internetversioun vun dëser Rubrik drugehaang, da mierkt der wéi wäertvoll a wéi mënschlech et ass, wa mer ouni Virurteeler openeen zouginn.
Kuckt iech déi Biller un, si di gutt bis an déi déck Zéif.
http://www.youtube.com/watch?v=cwlFqeqAdWg
http://imgur.com/a/JQF6O