Walking Dinner
Wéi seet d'Sprachwuert: „Nach dem Essen sollst du ruh’n oder 1000 Schritte tun“. Vu datt eng kleng Mëttesrascht moies souwisou keen Thema ass gi mer dann elo e bësschen trëppelen. Apropos Gibbes Bertolo
E „Kaffi am Sëtzen ass en no go“ séngt de Fausti an engem vu sengen neie Lidder. Iessen am Goen oder Stoen dogéint ëmmer méi e „must“. Sëtzlieder brauch ee scho laang net méi, fir sat ze ginn. Hautdesdaags gëtt „en passant“ eragefeiert. Wann der an der Lescht op enger Gebuertsdagsparty, enger Receptioun, engem Vernissage oder enger Präisiwwerreechung invitéiert waart, wësst der, vu wat ech hei erzielen. E Sall voller Leit, meeschtens mat engem Glas am Grapp, an dertëscht e puer gréisstendeels diskret Dammen an Häre mat wäisser Blouse oder Hiem déi frëndlech an elegant, dacks och akrobatesch a filigran probéieren hir voll getässelt Plateauen ouni gréisseren Tëschefall duerch de Raum ze balancéieren. Eisereen dierf sech dann, soubal d'Geleeënheet do ass, selwer zerwéieren: kleng appetitlech Telleren an Tasen, Terrinnen a Verrinnen, gehäerzt a séiss, kal a waarm, mat Läffel oder mat der Patt: Dat ganzt huet och en Numm: „Walking Dinner“.
De klassesche Buffet, wou een jo mam Teller an der Rei steet, am léifsten och nach e puer mol, ass natierlech nach net ausgestuerwen. Ee Gléck, well hei huet een ëmmer nach d'Gewëssheet, datt een dat kritt wat ee wëll. Virausgesat et ass genuch vun allem do an et kënnt een net grad op deen allerleschte Stëppel ugedanzt. Beim Walking Dinner ass dat net ëmmer sou evident: wann et ganz domm geet, riskéiert een, well ee permanent vun engem Small Talk bei deen aneren hoppt, dësen oder deen extra gudde Maufel ze verpassen. En typesche Saz, dee mer an deem Kontext ëmmer nees an d'Ouer kënnt ass: „Si kommen awer ni bis heihinner !“ An deem Fall kann een da just nach hoffen, datt déi sympathesch Joffer nach eng Kéier mat deem selwechte Plateau erageflu kënnt. (Walking Dinner gëtt iwwregens och nach gären „Flying Buffet“ genannt.)
Wat Suergen. Mä heiansdo muss een och op héijem Niveau dierfe kloen. Am Stoen oder am Goen. Et geet dach näischt iwwert e gemittlechen a kamouden Owend am Restaurant, mat Stull, Menüskaart an Zerwéit. Ee grousse Virdeel allerdéngs huet de Walking Dinner: et gëtt keng Sëtzuerdnung. Deemno och keng Gefor, datt een den Owend just nieft deem verbréngt, op deen een awer och elo guer keng Loscht hat ...