Nigerianesch Tricke mat der Police

Wéi mer dëse Weekend gewuer gi sinn, gëtt et eng nei Bedruchsmasch um Internet : falsch Verwarnungen duerch eis Police Grand-Ducale.
Op deene betraffene Computere geet iergendwann eng Fënster op mam Logo vun eiser Police an do kritt een dann erklärt, mat deem Apparat wär eppes Verbuedenes gemaach ginn, an dofir wär e lo gespaart, an zwar sou laang, bis eng Stroftax bezuelt wär, wat een dann och direkt online maache kann, iwwert iergend een dubiéise Site.
U sech ass Bedruch um Internet jo näischt neits. Wie krut net schonn ee Mail, soit-disant vun der Bank, wou déi op eemol d'Kontendaten wësse wëll, oder vun Apple, déi eis deen neien iPad net verkafen, mee dofir à tout prix schenke wëllen, oder vun engem nigerianeschen Ierwen, oder neierdéngs engem syreschen Industriellen, déi onbedéngt eis Hëllef brauchen, fir hiert Geld ze transferéieren. D'Masch ass net nei. Schonn am nonnzéngte Jorhonnert solle Leit hei an do Bréiwer an d'Haus geflattert sinn, mat dubiéise Verspriechen.
Dass et elo well d'Police ass, déi duerhale muss fir d'Leit unzeschmieren, weist, dass déi Kriminell matdenken. Well geet et net alleng méi drëm Profit mat der Gier ze maachen, mee mat der Angscht. Nodeems den Eddy Snowden eis gewisen huet, dass d'NSA duerchaus capabel ass, eis um Internet ëmmer mol iwwer d'Schëller ze kucken, trauen d'Leit dat vläicht och schonns eiser Police zou. A wien war eigentlech net scho mol op Site kucken, vun deen en léiwer net wéilt, dass seng Famill weess, dass en se kucke war.
Well déi meescht Leit haut hiert Wëssen iwwert eis Gesetzer a Prozeduren aus Sendunge wéi CSI:Miami hunn, fënnt munchereen dat net mol droleg, wann d'Police sech op eemol via Pop-Up mellt. Sollt dat iere fonctionnéieren, dann däerfe mer eis freeën. Well géingt iergend ee Gesetz verstéisst iergendeen ëmmer. An all Dag steet een Dommen op. Da gi mer demnächst mat Mailen a Pop-Ups iwwerschwemmt, an deenen déi falsch Police eis seet, dass mer am Houwalder Tunnel geblëtzt goufen, oder dass mer ouni Ticket mam Tram gefuer sinn, an direkt 200 Euro via Paypal an Nigeria iwwerweise mussen, fir dass d'Saach net viru Geriicht geet. A wéi ëmmer gëllt : Wien et gleeft, ass selwer Schold.