Wéini hutt Der opgehalen, Iech schéin ze fannen? Déi Fro huet elo eng Etude am Optrag vun enger Parfumeries-Marque gestallt an erausfonnt, datt nëmmen 1 vun 10 Frae weltwäit mat hirem Ausgesinn zefridden ass. Déi meescht hunn esouguer Angscht, sech op Fotoen ze gesinn, besonnesch am Internet, Christiane Kremer ...

Dobäi war et nach ni sou einfach, Fotoe vu sech ze gesinn an ze maachen. Dat Wonner vun dem fotograféierten Autoportrait heescht „Selfie“ an deen ass zënter dem Begriefnes vum Nelson Mandela jo richteg populär ginn, wa jo souguer de mächtegste Mann vun der Welt sech selwer mat sengen Noperen op der Tribün knipst. Dobäi gehéiert de Barack Obama sécher mat zu den am meeschte fotograféierte Mënschen op der Welt.

Bei deene Prominente muss oder kann ee sech froen, wéi gutt si eigentlech dermat kënnen ëmgoen, sech quasi op all Cover oder op all Schierm ze gesinn. Méiglecherweis hu si awer déi richteg Astellung derzou, oder soll ech soen, si hu se zu sech selwer fonnt a kréien dat geréiert. Dat ass sécher och besser, well de berühmte „Selfie“ huet, nieft der witzeger Approche sech selwer séier an iergendengem coole Moment op iergendenger cooler Plaz festzehalen, och nach eng aner Facette: déi individuell a kritesch Ausenanersetzung mat sech selwer. Sou, wéi ee meescht bei engem Enregistrement seng eege Stëmm net erkennt, well een se eben ëmmer vu bannen an ni vu baussen héiert, sou ass een och iwwer säin eegent Bild dacks erféiert an onzefridden. Do steet een op eemol ausserhalb vu sech an observéiert sech, et ass ee sech bal friem, et spiert ee sech net. Souvill Fraen an der Etude hunn zouginn, dofir keng eng Foto vun dem schéinsten Dag aus hirem Liewen, hirem Hochzäitsdag, gehalen ze hunn.

Nach en Aspekt vum Selfie ass, datt vill Fraen no der intensiver, optescher Ausenanersetzung mat sech selwer, decidéiert hunn, sech fir eng Schéinheetsoperatioun ënnert d'Messer ze leeën oder sech Botox sprëtzen ze loossen. Dat huet eng aner amerikanesch Etude erausfonnt. Dobäi ass e Selfie um Handy jo séier geläscht, wann en net ganz gegléckt ass. Mäi schwéier ass d'Saach, wann alles scho gepost ass. An England heesche bei den plastesche Chirurgen sou Operatiounen och „Facelift Facebook“.

No der Self-Made-Foto eng Self-Made-Beauty, wann dat kee Grond fir dee nächste Selfie ass? Hoffentlech passt deen dann, well soss geet nees alles vu vir un an iergendwann muss ee sech da wuel mat engem Portrait ausenanersetzen, deen engem ëmmer méi friem gëtt.

AUDIO: Apropos "Self(ie)-Made Woman"