Kavaléiersdelikt

Vun den 10 Geboter gëtt am heefegsten dat 11. agehalen – looss dech net erwëschen! Sollt déi Gefor awer bestoen, sou kann ee sech jo ëmmer nach 'outen', fir d'Strof a Grenzen ze halen. Dat dëst net ëmmer geléngt weist de Fall Uli Hoeneß. D'Strategie d'Wourecht a Rëndelcher ze liwweren, fir an der Sprooch vum Wirschtercher-Kinnek ze bleiwen, ass net opgaangen. D'Resultat sinn 3,5 Joer Prisong – déi dësen Tycoon vum däitsche Fussball ouni Appel unhëlt.
Ob elo e gudde Mënsch oder een deen ëmmer selwer am beschte wousst wat gutt fir seng Leit wier - Zäite vu sou Patriarche sinn laang eriwwer. Och wann e schonns 50 Milliounen Euro Steiere bezuelt huet, ass et net um Eenzelnen, fir de Souverän ze spillen an dat ze entscheeden. Et waren Denker wéi en Hobbes, Locke a Rousseau, déi en neie System ausgeduecht hunn a wat mat der franséischer Revolutioun usazweis ëmgesat konnt ginn. E System – wou jiddereen op en Deel vun senge Fräiheete verzicht, fir vun der Sécherheet, dem Wuelstand an den Annehmlechkeeten vun der Gemeinschaft ze profitéieren – kuerz den demokratesche Modell. Och zu Lëtzebuerg stécht Demokratie d'Patriarchat an Täsch – denkt mol un de leschten Oktober.
Och wann een d'Gefill net ëmmer lass gëtt, datt de Volet Steieren engem absolute Staat besser zu Gesiicht steet, wéi der moderner Demokratie – de Sloterdijk hält Steieren net fir näischt fir iwwerholl (anachronistesch) - sou bleift et derbäi: de Versuch Steiere laanscht de Fisk ze schleisen ass keen Nationalsport.
An Zäite wou Steierhannerzéiung kee Kavaléiersdelikt méi ass – wann dat iwwerhaapt jeemools de Fall soll gewiescht sinn – a viru Gericht kee Promibonus kann ageklot ginn – wär den Uli Hoeneß einfach zu falscher Zäit op der falscher Platz. Sou gëtt en d'Affer vun engem Schauprozess wou Inquisitioun vu fréier duerch Medien vun haut ersat gëtt an dem Gericht soss näischt iwwreg bleift an der Saach ze tranchéieren egal wéi eng Persoun do steet – Justitia ass net fir näischt blann.
Wat awer net heesche soll dat och Politik blannemännerches all méiglech Steiere soll erhéijen, fir net un déi vun der Valeur ajoutée ze denken a fir net mam Klassiker vum Marc Thoma opzehalen.