Wat waren dat Zäite, fréier, wéi ee konnt Dommheete maachen, déi keng Tracë gelooss hunn ...

Wéi nach net all harmlose Spaass een Trend um Internet war, mat engem Engleschen Numm, dee mat -ing ophält, sou wéi Planking, Owling, Batmanning, oder an der lescht: Necknomating. Ex oder ni méi Sex hu mer deemools gesot, d'Idee war déi selwecht, mä et huet ee keng Photo dovunner missen op Facebook stellen.

Dee leschte Phänomen um Internet ass de Sellotape Selfie. Dobäi geet et drëm, sech fir d'éischt mol Sträife Scotch quier duerch d'Gesiicht ze pechen, fir dass dat och schéin deforméiert gëtt, an dee grujelechen Ubléck dann am Bild festzehalen.

Kulturell gesinn ass dat wahrscheinlech eng Géigereaktioun op den ongebrachenen Trend vum Selfie. Ëmmerhi ginn et jo schonn éischt Etuden, déi weisen, dass virun allem jonk Meedercher säit et déi 2. Kamera am iPhone gëtt, méi oft an Depressioune falen, well se fannen, dass se op de Biller, déi se sech obstinéieren de ganzen Zäit vu sech ze maachen, éischter suboptimal ausgesinn, während anerer carrément a plastesch Chirurgie investéieren, fir hire Facebook Optrëtt nohalteg ze verschéineren. An dat ass wichteg, an Zäiten, wou de Profil um Internet bal méi Gewiicht huet, wéi de klasseschen CV.

Kee Wonner also, dass iergendwann d'Idee opkomm ass vun engem „droit à l'oubli“. Eng vun de Proposen an deem Kontext gesäit fir, dass Kanner mat 18 Joer de Choix hunn, alles, wat bis dohinner vun hinnen um Internet publizéiert gouf, ze läschen. All déi penibel Fotoen, déi just op de Moment cool waren, all déi domm Kommentaren an Tweets, déi just an der Pubertéit geeschträich kléngen.

Do freet ee sech natierlech, firwat just mat 18? Bekanntlech ginn déi meescht vun eis mam Alter jo net méi gescheit. Vun der technescher Ëmsetzung hier géif dat mat deem droit à l'oubli souwisou keng einfach Saach ginn, fräi nom Motto, eemol um Internet, ëmmer um Internet.

An dofir freeën ech mech op déi nächst 10, 20 Joer. Dat ass dann nämlech den Zäitpunkt, wou déi Generatioun an d'Ëffentlechkeet, an och an d'Politik drängt, déi mam Internet opgewuess ass, déi schonn an der Spillschoul Selfies geschoss huet, am Lycée mat Snapchat gespillt huet, an op der Uni Necknomination-Weltmeeschter war. An alles gouf am Bild festgehalen, iergendwou um Internet, wou zukünfteg Archäologen et wäerten ausgruewen, Joren duerno, grad da wann déi Leit probéieren endlech ee serieuxen Androck ze maachen, fir an d'Chamber gewielt ze ginn ...