Vläicht....

Vläicht méi fréi, vläicht méi spéid, vläicht gesi mer eis, vläicht och net... Vläicht ass keng Äntwert! Sou heescht et allefalls mol an engem Lidd... D'Michèle Schons huet sech e puer Gedanke gemaach...
„Mol kucken... vläicht...“ ...wéi dacks huet een dee Saz schon héieren? Wat wär da wann et iwwerhaapt kee Vläicht géing ginn? Wann eis ganz Existenz just op Jo oder Nee opgebaut wier? Vläicht ass dee Vläicht jo e Produit vun eisem Gehir, vum Verstand? Vun eisem Denken, dat mat Ongewëssheet net eenz gëtt? Meeschtens ass et jo esou dass mer eis vum Verstand lenke loossen, an dass d'Ongewëssheet eis Angscht mécht? Mee dat Ongewëss ass jo eventuell e Fantasiebild, eng Aart Fata-Morgana? Eppes wat mer eis ariede fir e bësse méi roueg ze ginn?
Ongewëssheet ass allerdéngs och de Beweis dass eise Verstand och net an d'Zukunft kucke kann, d'Zukunft mécht de Verstand verréckt well dee jo permanent vergësst dass et just Jo oder Nee gëtt. Dofir bastele mer eis am Kapp dann eng méiglech Zukunft, an doraus gëtt dee Vläicht, sou entsteet och d'Angscht vun deem wat vläicht komme kéint...
Mee wat ass wa mer dee Vläicht do einfach mol géingen op der Säit loossen?
Et ass jo esou dass mer entweder de Moment e grénge Pullover unhunn, oder mir hu keen un, mir hu jo ni vläicht e grénge Pullover un? Et gëtt kee 'Vläicht ass e frou mat mer...' Entweder et ass ee frou mat engem oder et ass een et net. Entweder lieft een oder et ass een dout, e vläicht lieweg oder vläicht dout gëtt et net.
Also gëtt et jo wierklech just e Jo oder Nee, e vläicht existéiert guer net.
Wa mer all déi Eventualitéiten, all Konjunktiv aus eisem Gediechtnes géinge läschen, da kéinte mer eis vill méi liicht spieren a méi zefridde sinn, well mer da wëssen: Et ginn nëmmen zwou Méiglechkeeten. Jo et klappt, oder nee et klappt net.
Wann een déi Ongewëssheet einfach lass léisst, bréngt dat eis och an de Moment dee grad ass, hei an elo. Et gëtt keen anere Moment, d'Vergaangenheet ass eriwwer an d'Zukunft nach net geschriwwen. Sollte mer net e Frënd vum Jo oder Nee ginn, dat eent oder anert seet eis jo kloer wou mer dru sinn?
Vläicht mécht et eis awer och einfach nëmme geckeg...!