Zanter knapp 1 Woch kann ee se kafen a sammelen: d'Pechbiller fir d'Football-WM a Brasilien mam respektiven Heft. De Gibbes Bertolo erënnert sech u säin 1. Panini-Album ...

AUDIO: Apropos

Emmanuel Sanon. De 15. Juni 1974, Italien-Haiti zu München, eng kloer Saach. 3-1 um Enn awer d'Sensatioun war de Goal, den 1-0 fir d'Karibikrepublik vum Emmanuel Sanon, deen der Keeperlegend Dino Zoff no 1.143 Minutte mol nees eng Kéier een eragedickst huet. A grad deen Emmanuel Sanon, mat der Réckennummer 20, feelt mer bis haut. Ech weess, mëttlerweil kann een all Bild nobestellen, oder op diversen Internet-Floumäert entdecken a kafen, mä dat wëll ech einfach net.

Mäi Panini-Album vum der WM 74 bleift ewéi en ass. Net komplett, net perfekt. Ech wëll e jo souwisou net verkafen oder versteeën, dat versteet sech jo vum selwen. Ech hunn déi Joeren duerno och ni méi en Album ugefaangen, meng Sammlerpassioun war dach iergendwéi begrenzt. An och elo hätt ech wuel kaum Spaass drun well spannend ass déi Affär scho laang net méi. Déi eenzeg Ongewëssheet besteet héchstens nach doranner, datt een net weess wéi eng Biller dann elo an der Tiitchen dra sinn a wéini den Album endlech fäerdeg gëtt. Well dass een déi 640 Stickeren déi dëst Joer am Asaz sinn enges Daags all beieneen huet, dorunner besteet keen Zweiwel. Vun ebay bis paninionline: mat e puer Klicken an Iwwerweisunge kann een all Hoffnung op Chance oder Gléck a boer Mënz ëmsetzen, just apeche muss een nach selwer. Wéinstens déi Freed bleift nach erhalen.

Apropos spannend: wann ech esou iwwerleeën a phantaséieren … dat wär dach bestëmmt e „succès fou“ : e Sammelalbum am Kontext vum Bommeleeërprozess. Abzebiller géinge mer der genuch zesummekréien, vun den Ugekloten iwwer d'Affekoten, Geriichtspersonal, Pressevertrieder, Zeien, an an an. Um Schoulhaff oder moies am Büro géing dat dann esou kléngen: mir feelt nach de Vogel, kéint awer e Graf an e Reuland tauschen, déi hunn ech duebel. Oder wann s du nach e Procureur ze vill hues kriss de mäi Prënz.

Eng Iddi also fir no der WM ? Enger Tatsaach muss de Sammler sech awer bewosst sinn: komplett gëtt deen Album wuel ni. Dat bréngt mech nees bei mäin Emmanuel Sanon vun deemools: ech weess genee wien et ass, dee mer nach feelt. Mä ech wëll en einfach net kréien ...

RTL