Et ass nach net Abrëll, an de Fernand Mathes huet et schonn entdeckt: „d'Wuert vum Joer 2014“.

Fir d' Nohaltegkeet hu mer mol nach keen Haltbarkeetsdatum definéiert kritt a schonns hu mer een neit Schlagwuert, wat eis ëm d' Ouere flitt. E Méindeg ass et mer an d' A gesprong, wéi ech d'Zeitung gelies hunn an ech hu festgestallt, et ass eppes wat mer iwwerall brauchen.
An der Landwirtschaft, am Soziale, wat d'Homobestiednes ugeet an der Ëmweltdiskussioun, ganz sécher an de Banken, an eiser Mobilitéit, der Immobilitéit, den Immobilien, de Familljen, der Kierch, der Schoul, jee d' Politik kann einfach net méi ouni existéieren.
Hutt der et schonn erausfonnt? Et geet ëm de „Paradigmewiessel“. Iwwerall gëtt de Paradigma gewiesselt, ouni dat mer deen iwwerhaapt richteg kennen, e gëtt einfach mol gewiesselt, souwéi d' Ënnerwäsch. Paradigma ass e Wuert mat ville Gesichter a Bedeitunge jee a wéi engem Kontext et gebraucht gëtt, ma wahrscheinlech geet et duer wa mer eis matt där éischter zefridde ginn : Weltsiicht (oder Weltanschauung) , Virbild, Muster ower et kann och Virurteel heeschen.
Dir mierkt et kann een de Begrëff zimlech flexibel notzen, selon les besoins, an dat erklärt och vläit firwat datt en elo esou beléift ass.
Beim Aristoteles wor de paradeigma nach kloer definéiert als induktivt Argument an der Rhetorik, ma erspuere mer eis déi antik Theorien, Pardigmewiessel kléngt einfach gutt.
Ech wéillt nach just de Wëssenschaftstheoretiker Thomas S. Kuhn zitéiren, dee wahrscheinlech am meeschten zu dem haitegem Verständnis vum Begrëff bäigedroen huet, allerdéngs huet hien 1984 kapituléiert nodeems e probéiert hat 34 verschidden Definitiounen zum Begrëff „Paradigma“ ze formuléieren.
Dir gesitt et kann een net liichtfankeg dermat ëmsprangen a wéi fill méi komplizéiert gëtt et dann nach mam Wiessel, also dem Wuert vum Joer, dem „Paradigmewiessel“?
Ma loosse mer mol ofwaarden, d'Politik huet jo nach ni geknéckt mat Phantasie an dat schéngt mer den idealen Nährbuedem fir dat Ëmgedenks alias Paradigmewiessel.
Iwwregens erféiert net, wa se de WE erëm un där richteger Zäit fréckelen, dat ass kee Paradigmewiessel ma just en Iwwergank op d' Summerzäit.

AUDIO: 26/03/2014 Apropos: D'Wuert vum Joer