Und dann die Handys zum Himmel,Och wann der d’Siicht verspäert….

Kennt der, oder? Oder esou ähnlech!

Musek beréiert d’Séil, … a Concerte sinn do, sech live genee do upaken ze loossen. Natierlech sinn esou Concerte nit bëlleg, awer dacks oder meeschtens hir Sue wäert. Virausgesat, et gesäit een déi Museker a Sänger do op der Bühn.

Bon, ech si nit grad de gréissten. Wéi ech gewuess sinn, war ech e puer mol krank an 2x an d’Vakanz. Trotzdem, mat mengen 1,68 hunn ech mech awer bis vru nit all ze laangem nach zimlech gutt op d’Bühnen doruechter duerchgeluusst bis -gekuckt.

Neierdéngs stees de do, kucks – esou wéi ëmmer -  a Richtung Bühn a gesäis - deem virdru säi Smartphone, deen deem virdru säi Smartphone filmt, deen 241 Smartphone virdru filmt. One Republic, oder ween och ëmmer op 243 Displaye kucken, naja. Sinn ech dofir extra heihi koum, Billjee bezuelt?

Wat soll dat? Kommen déi do all just fir ze filmen, et duerno op Facebook, Twitter, Youtube ze posten? Oder ëm wat geet et richteg?  Dass jidderee soll wëssen, wéi gutt a wéi aktiv se sinn? Wat se alles ënnerhuelen, sech leeschte kënnen? Dass se sech esou “cool”, esou genial kënnen duerstellen, wéi se sech et selwer vläicht wéinschen? Si se esou naiv, dass se nit wëssen, dass et der Welt esou eppes vu pupegal ass, wou wéini a mat weem se egal wou sinn? An et wëllt och esou gutt ewéi keen dee verwackelte Schäiss do mat schlechtem Sound vun hinne gesinn respektiv héieren.

Ma bleift dach einfach MAT Ärem Smartphonen doheem a loosst déi de Concert kucken, déi e wëlle gesinn.

A kommt erëm, wann Der erwuesse gi sidd!