... keng Zäit

Hu Der e Moment Zäit? Näischt ass esou gerecht verdeelt, wéi d’Zäit. 1440 Minutten hu mer all Dag, egal ween oder wat mer sinn. An deenen 1440 Minutte musse mer Wichteges vun Iwwerflëssegem trennen, déi richteg Prioritéite setzen, an der Däiwel op se oppassen. Well Zäit ass jo bekanntlech Geld. A si ass eppes komesches. Eemol wéinsche mer eis, dass se séier vergeet, da géinge mer se am léifsten unhalen. A brauche mer s’iwwerhaapt, déi Zäit? Ganz fréier hu mer se dach och nit gebraucht. Et gouf sech no Op- a Niddergank vun der Sonn geriicht, kee war presséiert, keen huet mussen op d’Auer kucken.
An haut huet een heiansdo den Androck, dass ee säi Liewe verschenkt, seng Zäit verplempert. Dass een nit genuch aus all Dag eraushëlt, nit genuch Spaass huet, ze vill Zäit a Kraaft an Energie an de Beruff investéiert.
Dofir maache mer dann ëmmer méi, lueden eis ëmmer méi op.
Gëtt et eigentlech nach d’40-Stonnewoch op den Aarbechten? An dann, an der Rescht-Fräizäit - een Owend an den Theater, een Owend an de Concert, zweemol d’Woch Sport, een Owend invitéiert, asw. de Week-end plangen, d’Vakanz preparéieren. Esou vill wéi méiglech an d’Liewen apaken. Erauspressen, wat Zäit a Geld nëmmen hierginn. Fir dass Pep dran ass, Fuerf, nëmme keng Langweil, kee Moment Rou.
An da ginn et Momenter, wou ee sech freet, ob een dat alles néideg huet, ob een dat alles brauch. Ob dat alles muss sinn. Ob mer dat alles maachen wéinst eis, wéinst deenen aneren, wéinst dem Partner.
Wat ass d’Geheimnis vun der Zäit? Wahrscheinlech säin eegene Liewesrhythmus ze fannen, ... an deem dann einfach trei ze bleiwen.
Esou einfach schéngt et ze sinn!
Oder... esou schwéier