Kuck emol!

Mer sinn Ae-Mënschen. Mer liewen am Zäitalter vun der optescher Inflatioun. Mer gesi Biller, déi Generatioune virun eis ni gesinn hunn. Vum Mound, vum Mars. Mer hunn Tëleeobjektiven, déi aus – ech weess nit vu wou – e Stroosseschëld fotograféiere kënnen.Mer schéisse Biller duerch den Universum. Mer gi mat Signaler bombardéiert. An et gëtt ëmmer schlëmmer. An trotzdem huet een den Androck, dass mer ëmmer manner - oder nit méi richteg - gesinn.
Eis Zäit ass ze presséiert, ze zerstreet, ze stur géint d’Eenzelwiesen. Mer kucke kee méi an d’Gesiicht. Den Ausdrock intresséiert eis nit méi. Mer gi vun der Zuel vun de Biller total bedrängt, iwwerfuerdert. „Mer gesi vu lauter Beem kee Bësch méi“, wéi een esou schéi seet. Mer hunn d’Kucken an d’Gesinn verléiert.
„Schau mir in die Augen, Kleines!“, wie mécht dat da nach? Esou richteg a bewosst. Ausser vläicht beim Zouproste mam Patt am Grapp. Mer taaschten den aneren af, séier wéi de Blëtz, wéi e Scanner am Supermarché d’Stréchcodë liest. Biip – a weider. A fir déi meescht vun eis, fir dat meescht, dat mer brauchen, geet déi Blëtzinformatioun jo eigentlech och duer.
Mä dat Verhalen huet säi Präis. Déi Keelt, déi duerch all Lächer a Splécke vun eiser Gesellschaft päift, huet genee mat dësem Nit-genee-Kucken, mam Ewechkucken ze dinn.