Wéi huet vru Joren den Hartmut Engler vu Pur gesong: “Ein graues Haar”, eh jo, si kommen, déi gro Hoer, oder si verschwannen, d’Hoer am allgemengen. Déi éischt Falen, déi bleiwen, kréien esouguer nach Jonger. Du hues den Androck, dass de aus der Pubertéit direkt an den Alterungsprozess kéins. Duerch eise Lieweswandel kënne mer en alt e bëssi bremsen, mä nit ophalen. Mimik, Sonn, Alkohol, Gefëmms spigele sech am Gesiicht erëm. Gene spille sécher och eng Roll. An och eist Liewe fënnt een a sengen Zich erëm. Mimikfalen, Laachfalen, d’Rosereisfal wéi e V tëscht den Aen. Eng Denkerstier weist, dass ee sech vill mat der Welt beschäftegt huet. An da komme nach d’Schwéierkraaftsfalen derbäi. O jee.

Och wann et Gelen a Crèmen an Operatiounen dergéint ginn, am beschten, et akzeptéiert ee se. Si erënneren een un déi gutt an déi schlecht Zäiten, si schreiwen eis d’Liewen an d’Gesiicht.

Ech hunn emol eemol gelies: “Mat 50 hues de dat Gesiicht, dat s de verdéngs”.

Aarbecht, Nout, Angscht, Freed, … ween op säi Liewen zréckbléckt, gesäit et dacks als Schluechtfeld, op deem d’Reschter vu gestuerwenen Dreem a futtis Hoffnunge leien, déi ee voll Leeënzeechen, verletzt, entstallt, gëeelzt zeréckloossen.

Iwwregens, ween am Liewen nëmme laacht, kritt och Falen. Ech loosse meng op alle Fall a Rou, ech hu mer se all verdéngt. An et ass méi éierlech. Et gëtt jo emol gesot, dass een aus de Gesiichtszich d’Séil erausbuschstawéiere kann. Maja, a wéi sollen déi aner een da liesen, wann een do alles gestrafft oder ewechmaache gelooss huet. Da belitt ee se jo. A sech selwer all Mueren am Spigel och.