D’Sucht, d’Liewen a Biller festzehalen, verännert eis Erënnerung. Fotoen erënneren eis u Saachen, déi mer vergiess hunn. Esou e bësse wéi d’Pësperer am Theater. Fotoe sinn d’Pësperer vun eiser Vergaangenheet, si soen eis, wat war.Mä – opgepasst! Eist Gediechtnes ass liicht unzeschmieren. Dat hu Psychologe vun den Universitéite Wellington a Victoria an Experimenter gewisen.

Si hu Leit manipuléiert Biller, op deenen déi als Kand an engem Ballon ze gesi waren. Obwuel déi ni mat engem matgeflu waren, hu se sech trotzdem gemengt drun erënneren ze kënnen. Fotoen hëllefen also nit nëmmen Erënnerungen ervirzeruffen, mä der esouguer z’erfannen.

Fotoe manipuléieren esouguer d’Zäitgeschicht. Gesellschaftlech Erliefnesser kënnen duerch Biller manipuléiert ginn. Press-Biller si nit wouer, mä Wueren. Biller si nit do, Geschicht ze dokumentéieren, mä verkaaft ze ginn. Wéi Musek oder Schockela. D’Bild muss eng kloer Ausso hunn, spannungsvoll komponéiert an an der Press dacks widderholl ginn. Wat nit besonnesch emotional oder plakativ ass, gëtt guer nit fotograféiert, vu Fotosagence nit kaaft, vun eis nit gesinn. An esou gëtt e gudden Deel vun der Geschicht ausgeblennt, d’Welt verdicht sech op e Schema.

A wat ass mat de Biller, déi ni gemeet goufen? Ma do ass dann och näischt geschitt. Schlëmmer nach – dat war guer nit.

Allerdéngs, dat alles ännert sech de Moment. Et gi méi Biller wéi soss. Haut si mer all Billerproduzente mat der Technik, déi mer neierdéngs hunn. A vläicht gi mer och méi sensibel fir Fälschungen, well mer déi technesch Méiglechkeeten duerchkucken. Mer kënnen eis – souzesoen – e bessert Bild driwwer man. An dat ass gutt esou.