You can say you to me

Wéini ass et mer opgefall, dass et masseg Leit gëtt, déi ech zwar regelméisseg gesinn, mat deenen ech och alt mol e puer Wuert schwätzen, vun deenen ech awer absolut keng Ahnung hunn, wéi se heeschen. Fir mech ass dat d'Fra mam Hond, deen Décke vum Eck, d'Leit op der Nummer 2, de Papp vun den 3 klenge Kanner oder och nach dat Blond aus der Informatik. Net ëmmer ass dat alles politesch korrekt: Do gëtt et d'Fra mat den Zänn an dee mat der rouder Nues. Verschiddenen hunn ech een Numm ginn, vun deem ech alt mengen, e kéint passen: den Nuckes, de Litti ... mëttlerweil wësse souguer Kollege wie gemengt ass, wann ech vun deene schwätzen. Wéi déi awer lo wierklech heeschen, wëssen och si net.
"Nomen est omen" soten déi al Réimer. Ech sinn net awergleeweg a spuere mer déi Omenanalys da mol ganz einfach. Gläichzäiteg bestinn awer ëmmer méi Geschäfter drop, dass ech weess, wéi deen heescht, dee mech do frëndlech zerwéiert: Déi Leit hunn hiren Numm ugespéngelt, wonneren sech awer ëmmer, wann een se dann och domadder uschwätzt. Vläicht däerfen se sech ee Kënschtlernumm aussichen, et soll ee jo den Job an d'Privatliewen net ze vill vermëschen.
Iwwerhaapt, déi Saach mam Uschwätzen. Viru kuerzem hunn ech een - deen Décke vum Eck - posaunen héieren, do géif et eng Saach ginn an der Stad, déi wär net an der Rei, an do géif hie lo mol dem Lydie d'Meenung soen. Wéi en dunn endlech d'Geleeënheet hat, dat ze maachen, huet en d'Lydie awer Madame Polfer genannt. Dorunner erkennt een: Déi sinn nach net mol Friends op Facebook, well déi däerf een dutzen. Soss brauch ee keng Frënn. Woubäi … ech sinn net iwwerzeegt, ob déi Regel och fir de Lëtzebuerger mat deene meeschte Friends op Facebook zielt, senges Zeechens eise Premier.
Ware mer net schonns all an der Situatioun, dass mer déi onméiglechst Sazbauten improviséiert hunn, just fir z'evitéieren, een direkt unzeschwätzen, bei deem mer eis net sécher wären, ob e mer en dierzen oder duze sollten an ob de Virnumm géif duergoen oder d'Etiquette den akademeschen Titel an de Familljennumm verlaangt? Dat ass heiansdo grousse Kino a verbal Akrobatik, fir um Schluss nach erauszekommen.
D'Amerikaner hunn dee Problem net, there you can sou you to me, an de Virnumm gëtt souwisou gebraucht. Dass een sech dofir awer bësse kenne géif, ass eng reng Illusioun. Där Meenung ass iwwregens och mäi gudde Frënd, deen Décke vum Eck.