Geet et Iech och esou? Heiansdo huet een d'Gefill et géing ee just nach am Krees dréinen an dronke ginn. An et hätt ee keng Chance erauskommen. Dat geet och dem Christiane Kremer net anescht.

Et ginn Deeg op deenen een am léifste géing seng 7 Saache paken a sech op d'Rees maachen, einfach spontan drop lassfueren, iergendanzwousch hin, fir ofzeschalten an emol eppes anescht ze gesinn. Souzesoen d'Tapéit ze wiesselen, well engem de Plafong op de Kapp fält oder et engem ze enk gëtt am Ländchen. Et bréicht een einfach emol e klore Kapp, en differenzéierte Bléck, eng nei Direktioun.

Sou Saachen a Momenter komme vir, mä net ëmmer, oder bal ni, ass ee spontan genuch, dat dann och ze maachen.

Muss een och net, heiansdo ass e klenge Perspektiv-Wiessel scho genuch fir aner Gedanken ze kréien. Ech hu vrun e puer Deeg bei enger ganz onspektakulärer an alldeeglecher Aktioun sou en intensiven Ament gehat, dee mer op eemol quasi d'Aen opgemaach hat. Ech war zu Fouss ënnerwee an der Stad fir eng Kommissioun, dat an enger Strooss, déi ech gutt kennen a regelméisseg fueren. Hat ech gemengt. Et ass eng gréisser a vill befuere Strooss, e Boulevard, op där den Trafic just an eng Richtung geet- also e Sens unique. D'Gebaier zu den zwou Säiten, deels Büro an deels Appartementshaiser, sinn elo net sou spektakulär, datt een de Bléck laang drun hänke léisst, och wann ee sech ëmmer direkt erëmfënnt, wann ee mam Auto ënnerwee ass.

Lo war ech awer net séier mam Auto ënnerwee am Sens unique, mä gemittlech zu Fouss an déi aner Richtung. An do war se déi Vue vru mer: eng laang Autosschlaang déi sech mir entgéint gedréckt huet, a vun onendlech wäit hir komm ass. Ech duecht: sou hunn ech dat nach ni gekuckt. An op eemol wosst ech: sou hunn ech dat nach ni gesinn. D'Haiser zu den zwou Säiten si mer op eemol opgefall, si waren sou anescht, obwuel se nach ëmmer déi selwecht waren, wéi zwee Deeg virdrun, wéi ech derduerch gefuer sinn.

Hätt ee mer dës Vue vun der Strooss esou op enger Foto gewisen a mech gefrot a wéi enger Stad ech wier, hätt ech sécher ee Moment gezéckt bis ech eppes erkannt hätt. Ech sinn d'Strooss, déi laang ass, weidergetrëppelt an hu mer d'Freed gemaach, mol eng Kéier genee ze kucken, wat et hei alles z'entdecke gouf an dat op mech wierken ze loossen. Iergendwéi hat et eppes vun Aventure!

Jo, heiansdo brauch een also kee laangen Tripp op friem Plazen, heiansdo geet et duer d'Perspektiv ze wiesselen.

Dat hëlleft da vläicht souguer eng nei Perspektiv ze fannen.

AUDIO: 01/04/2014 Apropos "Eng Fro vun der Perspektiv"