De Konsument ass wëllkomm, sou laang e genau dat mécht, woufir et e gëtt: nämlech konsuméieren. Froen iwwert de Präis an d'Qualitéit ginn och nach mat duerch an dann ass et awer, wann ech gelift, gedoe mat deem Gedeessems. Et steet jo alles um Pack – ausser déi Saachen, déi eben net drop stinn, dat ass jo wuel evident. Amplaz ze kucken, wat da wierklech dran ass, ass et mëttlerweil méi wichteg ze wëssen, wou et hierkënnt, vun wiem et gemaach ass, an ob d'Ëmwelt wéi och déi zukünfteg Generatiounen respektéiert ginn, also nohalteg ass.

D'Äntwerte gi jo vun den Hiersteller geliwwert – firwat sech also nach grouss Froe stellen. Wien ass net berouegt a frou, fir selwer als gudde Konsument do ze stoen, een, deen d'Informatioun versteet a bewosst akafe kann. Op der Tankstell steet beim Bensin, e wier manner schiedlech, den Auto mécht um Pabeier bal bis guer keen CO2 – Kleeder sinn ouni Gëftstoffer gefierft, meng al Medikamenter kann ech dem Apdikter ginn, an de Fussball, deen ech des Lescht fir Kanner kaaft hunn, wär souguer garantéiert net vun anere Kanner gebitzt – wéi berouegend awer och! D'Stroumrechnung stellt all Lëtzebuerger Konsument eng super Zensur – oder soll ech Energie-Bilan soen? – aus; alles gréngen Naturstroum a fir e klenge Supplement souguer CO2-neutral! Sollt dann awer iergendwou iergendwéi vill Dreck oder soss Knascht ufalen, da kënne mer eis jo nach ëmmer, fräi nom Virbild vun de mëttelalterlechen Hanseatestied, fräikafen – z.B. mam sougenannten Emissiounshandel. Wéi vill Salz awer elo wierklech an der Zopp ass – egal op industriell oder biologesch a fair gehandelt –, dat gi mer net gewuer. Haaptsaach d'Rechnung geet op – just wéi eng? Déi vum Ökosystem oder vun der Weltwirtschaft?

Sou loossen déi Vereenten Natiounen aner Téin ukléngen – a weisen an hirem 5. Weltklimarapport mam Fanger op déi oppe Wonnen. Kuckt een d'Verännerung reng statistesch, sou sinn d'Zuelen déi lescht honnert Joer beandrockend, déi lescht 50 erschreckend an zënter de 70er vum 20. Jorhonnert katastrophal; sou datt d'Äis a Grönland geschwënn esou schnell schmëlzt, datt een net méi rechne muss, mä just nach mam bloussen Aen brauch nozekucken.

Léisungen, wéi einfach unzefänken, intelligent ze produzéieren, nom Prinzip vum cradle-to-cradle, si weiderhi schwéier un de Konsument ze bréngen: Wie wëll schonns lounen, wann e besëtze kann? Do kann engem d'Laache schonns vergoen – ausser d'Konzentratioun vum Lachgas hëlt och weiderhin zou, da kënne mer eis iwwert dem Kräischen dach nach futti laachen.