De Fluch vum Fluch MH370

Wéi et schéngt ass et méi einfach eng Nol am Heekoup ze fannen, wéi ee Fliger am pazifeschen Ozean. Ech weess eigentlech net, wat méi traureg ass : d'Schicksal vun de Leit u Bord vum Vol MH370 an hire Familljen, oder d'Wourecht iwwert den Zoustand vum Mir, déi mer duerch des Affär alt erëm androcksvoll virun Ae gefouert kruten.
Wéi oft huet et net geheescht, et wären am Mir Objeten detektéiert ginn, dat kéinte Stécker vum Fliger sinn. Kaum hu sech d'Equipen déi Saach vu méi no ugekuckt, koum d'Entwarnung : dat ass net de Fliiger, dat ass just dee ganz normale Knascht deen sou am Mir doruechter schwëmmt. Oh, a kuck emol do, Ueleg op de Wellen! Vläit Kerosin vum Fliger ? Nee, finalement awer just eng alldeeglech Uelegspuer. Dat ass keng Sich am Heekoup, dat ass eng an der Mëschtkaul. Am Piff. Fuerscher ginn dovun aus, dass tëscht 100 an 150 Milliounen Tonnen Dreck am Mir schwammen, respektiv um Fong leien, iergendwou tëscht de raschtege Fässer mat gëftege Chemikalien an atomarem Offall, déi iwwer Jorzéngte monter an d'Mier gejummt goufen. Et ass jo net, wéi wann dat do iergendeen stéiere géif. Déi puer Flossendéieren déi am Moment mol nach an där kaler Nätzt liewen, wäerte souwisou demnächst zu Fëschstäbercher veraarbecht ginn. Wann déi ee Flieger huelen, dann nach just fir bei eis am Supermarché ze landen.
Déi Saach mam Vol MH370 muss een dofir och positiv gesinn. Do kënnt mol rëm Ofwiesslung an d'Mir. Do entsteet vläicht een neit Koralleriff, eng zukünfteg Touristenattraktioun. E Mythos wéi d'Titanic.
De Chef vun der SES ass iwwregens der Meenung d'Militär géif wuel méi wëssen an där Saach, mee näischt soen. An wat ass mat der NSA ? Sollten déi eis net wéinstens soe kënnen, wou de Pilot als läscht gesurft ass – um Internet, alles anescht wär makaber ... Wou ass den Edward Snowden wann een e mol brauch ? A wou eise Procureur, fir z'erklären : sou ee Fliger, deen ass net néierens ! Net dass nach een op d'Idee kënnt, déi Saach dierft eigentlech ni opgekläert ginn. Konspiratiounstheorieen iwwert déi Affär, also iwwert dee verfluchte Fluch, ginn et der jo scho genuch...