Positiv Gedanken...

Gëschter stoung ech bei der rouder Luucht a während ech mech ganz kuerz a menge Gedanke verluer hunn, ass et gréng ginn an ech gouf vum Mann hannendrun brüsk mat senger haarder Tut drop opmierksam gemaach, dass hien awer terribel presséiert wär, an ech endlech sollt Plaz maachen...
Soll ech ëm da lo de béise Fanger weisen, einfach mol provokativ stoe bleiwen, oder soll ech dat maache wat déi spirituell a positiv Bicher mech geléiert hunn... roueg bleiwen... frëndlech laachen...? Respekt weisen, och wann de Géigeniwwer dat net mécht...?
Dunn hunn ech mech awer och gefrot op déi ganz Buch-Theorien net och einfach do sinn fir mech selwer ze schützen? Vläicht notze mer jo dës spirituell Inspiratioune fir Misère a Péng z'évitéieren, mir huele bewosst Konflikter mat a Kaf, fir gréisser Problemer wéi Schicksal, wat souwisou net ze kontrolléieren ass, vum Hals ze halen? Mir kontrolléieren eis Gedanken, meditéieren, mir wënsche, mir bestellen, denke Positiv, loossen eis therapéieren a coachen, a wat net nach alles... Ass dat net just eng nei esoteresch Manéier fir Konflikter besser ze verdauen?
Dat wär jo dann och ganz clever fir deem lénken Deel vum Gehir eng aus ze wëschen, deen eis virun all deene Saache warnt, déi komplizéiert kéinte ginn: Negatiivt Denken zum Beispill, rose ginn, dem Här hannendrun de Fanger weisen...
Lauschtere mer léiwer op déi riets Gehirhallschecht? Verzei him... bleif frëndlech, hien ass däi Spigel... et ginn Tonne Bicher a Lëschte mat Ideeën doriwwer wat eis am spirituelle Sënn kéint schueden... Rosa Wolleken, Engelen, Liicht a Léift ouni Enn... mä ass dat net just e Freedefeier aus positiver Energie wat eis dovunner soll schütze fir vum normale Liewe blesséiert ze ginn... Eent ass jo sécher, blesséiert oder konfrontéiert gëtt een ëmmer, och op deem Wee. Vläicht mat méi Fantasie, méi karmesch, op méi eng lëschteg Manéier...
Dat hunn ech mer esou geduecht während ech iwwregens ouni rosen ze ginn ugefuer sinn... an eigentlech hunn ech mer och geduecht:
„Majo an?“
Bastele mer eis net souwisou all eist eegent Weltbild? Wësse kënne mer souwisou näischt, nëmmen unhuelen, spieren, oder Erfahrunge maachen... An du sot ech da lues a mengem Kapp dem Mann hannert.....nieft....viru mer Pardon! Einfach esou, well et mer domat besser goung. Wéi e bei der nächster rouder Luucht viru mer stoung, hunn ech ëm och gewënscht dass e mat Zäit op säi Rendez-Vous kënnt.